"D'Gazasträif ass wéi e grousse Prisong"
E Mëttwoch de Moie war déi humanitär Situatioun an der Gazasträif Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir wëssen, wéi politesch komplex an emotional d‘Situatioun tëscht Israel an der Hamas ass, mee fir eng Organisatioun wéi d‘UNICEF ass et ganz kloer: mir stinn op der Säit vun de Kanner. Dat sot de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. D'Vitesse, mat där Kanner an dem Konflikt stierwen, wier erschreckend. Iwwer 2.300 si bannent zwou Woche gestuerwen an iwwer 5.300 Kanner si blesséiert ginn. Dat wiere just déi Zuelen, déi si kéinten iwwerpréiwen. All Dag géingen et der 400 méi ginn, erkläert den Invité.
Vun e Mëttwoch un ass kee Bensinn méi do
Den Ament wier d'Unicef am Modus "stay and deliver". Also op der Plaz bleiwen, och wann et geféierlech ass, an Hëllef liwweren. E Mëttwoch wier zum Beispill den Dag, wou de Bensinn géing ausgoen. Da kéinten d‘Spideeler net méi fonctionéieren, well d‘Generatoren net kéinte lafen. Keng Beootmungsmaschinnen, keng Incubateure fir Neigebuerener. Donieft misst och d‘Waasser opbereet ginn mat Entsalzungsmaschinnen, Pompelen etc. All dat kéint net gemaach ginn, ouni Bensinn. D‘Leit missten den Ament mat 3 Liter Waasser den Dag auskommen. 18 Liter wier de Minimum, den e Mënsch am Dag brauch, rappelléiert den Paul Heber. Donieft wier d‘Situatioun ganz geféierlech. 45 Leit, déi humanitär Hëllef leeschten, wiere schonn um Terrain ëm d‘Liewen komm.
Mir brauchen endlech een Accès
"Mir brauchen einfach en Accès, dat ass de grousse Problem", sou de Paul Heber. Et hätt ee mat den éischten Convoien zum Beispill just 44.000 Liter Waasser geliwwert. Dat wier näischt. Et misst een den Ament mindestens 100 Camionen den Dag eraschécken. Et hätt een natierlech als Organisatioun, déi schonn zanter Joerzéngten an der Gazasträif aktiv ass, vill Gidder sur place, mee et wier allgemeng e grousse Chaos wéinst den interne Flüchtlingsstréim bannent der klenger Regioun.
D'Gazasträif wier eppes wéi e grouss Prisong. Et kréich ee keng Leit mat Hëllef eran an och keng Kanner eraus, fir se medezinesch ze versuergen.
De Paul Heber huet nach ënnerstrach, datt finanziell Hëllefen den Ament, déi effikassten Ënnerstëtzung fir d'Unicef wieren, déi zwar eng Agence vun der UNO ass, mee ouni Budget.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.