"Ech wäert net mat an d'Europawale goen"
En Donneschdeg de Moie waren d'Suitte vun der Energiekris Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Claude Turmes geet d'nächst Joer net mat an d'Europawalen. Nodeems hien net zeréck an d'Chamber gewielt gouf a seng Partei déi Gréng net méi an der nächster Regierung wäert sinn, wollt hien den Donneschdeg de Moien hei op RTL awer nach net soen, ob hie weider wëll politesch aktiv sinn oder net. Et soll een ni "am Affekt" Decisiounen huelen, sou de Claude Turmes. Wann déi nei Regierung bis vereedegt ass, géing hien emol eng Paus vun 3 Méint maachen an "dat emol sacke loossen". An der Partei géing jo nach d'Walnéierlag analyséiert ginn.
Am Interview den Donneschdeg de Moien hu mer den Nach-Energie- an Amenagementsminister virun allem gefrot, wéi Lëtzebuerg a Punkto Energieversuergung haut opgestallt ass. Am Summer d'lescht Joer war d'europäesch Unioun an domadder Lëtzebuerg déif an enger Energiekris. Am Juni d'lescht Joer hat de Claude Turmes nach gewarnt, et kéint deemno wéi en "haarde Wanter" ginn. Den Donneschdeg de Moie sot hien, Lëtzebuerg wier fir dëse Wanter besser gerëscht. An der EU wier ee vu 40% russeschem Gas op 5% erofkomm. D'Gas-Späicher wieren zu 98% gefëllt an et wieren 20% gespuert ginn, woubäi d'Zil 15% ass.
Et wier awer "net alles am Botter". Och dëse Wanter misst d'Spuer-Zil erreecht ginn. Am Energieministère géing d'Wanter-Campagne virbereet ginn. D'lescht Joer hätten d'Leit 10% agespuert, d'Industrie hätt och gutt matgemaach. Mee bei de Bürosgebaier hätt et net sou gutt geklappt, dofir géing een dëse Wanter probéieren, do méi ze spueren. An dëse Woche wiere Formatioune fir Leit, déi Bürosgebaier geréieren.
Hëllef bei Energiepräisser weiderhin néideg
Déi aktuell Regierung hat op der leschter Tripartite am Mäerz mat de Sozialpartner decidéiert, d'Stéit virun der Explosioun vun den Energiepräisser ze protegéieren. De Claude Turmes huet nach emol erkläert, datt ee wollt d'Leit virun der Volatilitéit vun de Präisser schützen an dofir goufen déi sougenannt Plaffongen op d'Stroum-, respektiv Gaspräisser op d'Bee gesat an d'Mesurë gouf bis Enn 2024 verlängert.
Firwat ass déi Mesure dann iwwerhaapt aktuell néideg, wann d'Gaspräisser jo erëm op den Niveau vu virun der Kris gefall sinn? De Claude Turmes sot, um Marché misst Stroum dacks op 2 oder 3 Joer scho kaf ginn. D'Fournisseuren hei am Land hätte scho misse Stroum kafen zu engem Moment, wou de Stroum deier war. Den Nach-Energieminister geet dovunner aus, datt d'Präisser fir Gas a Stroum 2025 wäerte falen an déi nächst Regierung misst kucken, ewéi se aus deene Mesuren erauskënnt, ouni datt d'Leit dat ze vill géing spieren.
De Claude Turmes huet insistéiert, fir e gudde Bilan an der Energietransitioun ze zéien an den Dausende Leit "Merci" ze soen, déi dat erméiglecht hätten: vun 300 Solaranlage wier een op 5.000 komm a vun 3 Prozent Fossil-fräien Autoen op 30%. Et hätt een et also an der anerer Kris, déi am Hannergrond vun den anere Krise steet – d'Klimakris – fäerdegbruecht, Lëtzebuerg virunzebréngen. A sengen Ae wier wichteg, datt déi nächst Regierung dat weidermécht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.