E Freideg de Moie war d'Kapitel "Justiz" an de Koalitiounsaccord Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Taux horaire vun der Assistance judiciaire muss un d'Inflatioun ugepasst ginn, well déi lescht Upassung geet op 3 Joer zeréck, dat sot den Affekot a Bâtonnier Pit Reckinger en Donneschdeg de Moien hei op RTL. De Beruff vum Affekot wier a sengen Ae besonnesch schwiereg, wann een ufänkt an haaptsächlech, wann een als onofhängege Mataarbechter agestallt gëtt. De Pit Reckinger sot, et hätt een zesumme mat de jonken Affekote Reegelen ausgeschafft, déi virgesinn, datt jonk Independante Kontrakter kréie mat equivalente Garantien ewéi Salariéë mam Aarbechtsrecht. De Pit Reckinger huet confirméiert, datt et Situatioune gouf, wou jonk Affekote "fir en Apel an e Stéck Brout ganz vill hu misste schaffen".

D'Tariffer vun de jonken Affekote sinn eng Saach, op der anerer Säit gëtt et d'Assistance judiciaire fir d'Leit. De Pit Reckinger huet hei d'Reform begréisst, mat där gewëss Ongerechtegkeeten aus dem Wee geraumt goufen. Bis ewell krute Leit mat niddregem Revenu en Affekot vum Staat zur Säit gestallt, mä vun engem gewëssene Revenu u muss een alles selwer bezuelen. Elo kéime "paliers", also verschidde Stufen un Hëllef, jee nodeem wéi vill Revenu een huet. Wann ee méi ewéi eng gewëss Grenz verdéngt, verléiert een net déi ganz Hëllef, mä et kritt een nach en Deel finanzéiert. De Pit Reckinger huet iwwregens en Donneschdeg de Moien un d'Initiativ vum Barreau erënnert, wou Affekoten all Samschdegmoies Consultatiounen ubidden. An zwar an der Cité judiciaire um Helleggeescht Platto an der Stad. Eng Cité judiciaire, déi dem Pit Reckinger no iwweregens an hirer Gréisst un hir Limitt komm wier an ee laangfristeg net dolaanscht kéim, fir erauszeplënneren.

De Barreau huet e Mëttwoch 10 Punkte presentéiert, déi ee gär am Kapitel "Justiz" vum Koalitiounsaccord vun der neier CSV-DP-Regierung géing gesi stoen. D'Relatioun mat der Nach-Justizministesch Sam Tanson vun déi Gréng wier déi lescht Joren "exzellent" gewiescht, sou de Pit Reckinger, deen och gehofft huet, datt deen Austausch och mam nächste Justizminister genee esou gutt géing lafen. Als Geschäftsaffekot huet hien en Donneschdeg de Moien och fonnt, datt d'Lëtzebuerger Finanzplaz oder d'Ëmfeld "nach ëmmer ganz attraktiv" ass. Et kéimen nach ëmmer vill Leit, well hei vill ugebuede gëtt. Eng vun de Fuerderunge vum Barreau un déi nächst Regierung ass deemno och, datt se d'Gesetzer konstant upasst - esou wäit et d'europäesch Unioun erlaabt - fir e legale Kader ze hunn, deen "zum Succès vu Lëtzebuerg" bäidréit, sou de Pit Reckinger.

Invité vun der Redaktioun (27. Oktober): Pit Reckinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.