E Méindeg de Moie war d'Europaparlament Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dat aktuellt Mandat dauert zwar nëmmen nach 7 Méint, mee grad elo géif et drëm goen, fir sech séier eranzeschaffen, Schwéierpunkten ze setzen an seng Positiounen ze stäerken. Dat sot d'Martine Kemp e Méindeg de Moien. Déi nei CSV-Europadeputéiert huet d'lescht Woch d'Relève vum Christophe Hansen iwwerholl, deen op de Krautmaart gewiesselt ass a war eis Invitée vun der Redaktioun.

Wichteg Dossiere fir de Grand-Duché

D‘Martine Kemp iwwerhëlt all d‘Dossiere vun hirem Parteikolleeg, dorënner den internationalen Handel, Steierfroen an der Wirtschafts- a Wärungskommissioun an d‘Kommissioun iwwer Ëmwelt, ëffentlech Gesondheet a Liewensmëttelsécherheet. Si hätt sech dës Kommissioune selwer net alleguer erausgesicht, mee et wieren awer wichteg Dossieren, och fir Lëtzebuerg, a si géing jo net fir sech selwer am Europaparlament sëtzen, mee als Vertriederin vum Grand-Duché.

Punkto Transport muss an der EU nach vill gemaach ginn

Als geléiert Verkéiers-Ingenieurin wär hiert "Steckenpferd" awer natierlech den Transport. Autonoomt Fueren an Assistenz-Systemer wäerten ëmmer méi wichteg ginn an dofir misst d‘EU do der Fuerschung ëmmer e Schrëtt viraus sinn an de legale Kader setzen. Punkto Mobilité douce wier et wichteg, europawäit gemeinsam Standarde fir d‘Sécherheet ze schafen. An der EU géing et eng „Vision Zero“ ginn, fir also d‘Verkéiersdoudeger bis 2050 op null ze kréien. Donieft misst de Schinneverkéier konsequent ausgebaut ginn, well aktuell wier d‘Schinnenetz europawäit een „Flicken-Teppech“. Et bräicht och méi Tracéë fir Zich déi mat héijer Vitesse fueren.

D'Martine Kemp wier natierlech och interesséiert, fir d'CSV bei de nächsten Europawalen am Juni mat ze goen. Eng fix Plaz hätt se allerdéngs nach net zougeséchert kritt, schliisslech wier d‘Partei aktuell a Koalitiounsverhandlungen. Si wéilt elo hir Zäit notzen, fir de Leit Europa méi no ze bréngen a mat hirer Aarbecht z‘iwwerzeegen, sou déi 29 Joer jonk nei Europadeputéiert.

Invité vun der Redaktioun: Martine Kemp

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.