En Donneschdeg de Moie war d'Kris am Beräich vun der Kommunikatioun an dem Design Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir schwätzen dacks iwwer d‘Kris am Bau oder an den Immobilien, mä d‘Kris am Secteur vun der Kommunikatioun ass éischter onbekannt. Dat sot den André Hesse en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro. De President vun der Associatioun MarkCom, déi Berodungs-Agencen am Marketing an an der Kommunikatioun regroupéiert, erkläert, dass et een ëmmer méi grousse Problem mat de Concoursen, also den Ausschreiwungen, gëtt. Et sinn ëmmer méi Betriber, déi do matmaachen, iwwer eng Dose pro Ausschreiwung. An déi Aarbecht, déi da geleescht gëtt, fir en Optrag iwwerhaapt ze kréien, ass net bezuelt. 70.000 € géingen all Agence pro Joer an der Moyenne verluer goen, duerch ronn 200 Stonnen Aarbecht op Concoursen, déi dann net zeréckbehale ginn. Dat wier an enger Enquête ënnert de Memberen erauskomm. Dacks géingen et och keng Kontrakter méi mat Cliente ginn oder ebe just Kontrakter à court terme, kritiséiert den André Hesse.

Invité vun der Redaktioun: André Hesse

Ausschreiwungen op 2-3 Agencë limitéieren

Déi Concoursen sinn zwar net nei an och an anere Branchen wéi den Architekten oder um Bau näischt Ongewéinleches, mä et géing eben ëmmer méi dacks op Ausschreiwungen zeréckgegraff ginn. Dat mëttlerweil och fir ganz déck Projete mat laange Partenariater. E Concours mat 2-3 Agencë wier nach ok, mä mëttlerweil wier ee bal ëmmer zu 10 bis 15. An et wéisst een net, wéi vill aner Agence géinge matmaachen. Et géif zwar eng gewëss Reglementatioun ginn, mä Ministèren oder aner Cliente wieren net genuch sensibiliséiert, fënnt den André Hesse.

MarkCom an Design Luxembourg fuerderen dofir, dass d‘Concoursen op 2-3 Agence limitéiert ginn, dass ee bezuelt gëtt, fir um Concours Deel ze huelen, an dass een um Enn och e Kontrakt kritt. Dofir freet een och méi Support vun de verschiddene Federatiounen an Institutiounen, wéi der Chambre de Commerce, der Chambre des métiers an der Union des Entreprises. De Mëttelstandsministère misst iwwerdeems eng Charte ausschaffen a bei de Cliente promouvéieren.

Iwwer 200 Betriber hunn zanter 2019 Faillittë gemaach

MarkCom an Design Luxembourg hunn ongeféier 100 Membere mat insgesamt ronn 700 Mataarbechter. Wéi akut eng Ännerung do gebraucht gëtt, weisen d’Statec-Zuelen. Zanter 2019 hunn eppes iwwer 200 Betriber aus dem Secteur faillite gemaach an och fir d'nächst Joer géif et ganz traureg ausgesinn, wa sech näischt ännert, sou den André Hesse.

"Mir schaffe vill, fir net vill ze wannen", sou de President vu Markcom. Et wier also net e Problem, dass net genuch Aarbecht do wier, mä e Problem vu Margen. E weidere Problem wier, dass vill Ministèren och géinge mat Betriber am Ausland schaffen an dat kéint ee schwéier novollzéien, sou den Invité. Si géinge wuel mengen, dass do besser Aarbecht gemaach gëtt oder dass et méi "sexy" wier, mat London oder Paräis ze schaffen. Dobäi wieren d‘Agencen hei zu Lëtzebuerg ganz professionell. Si géingen de Marché an d‘Kultur gutt kennen. Dat wier kloer e Virdeel, sou den Invité.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.