Mir brauchen eng Vereinfachung vun de Prozeduren
E Méindeg de Moie war d'ökologesch Energietransitioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi lescht 10 Joer ware souwuel an der nationaler wéi och an der europäescher Klima- an Energiepolitik wichteg, fir e Kader ze setzen, fir dass mer bei den ambitiéise Klimaziler weiderkommen. Dat sot de Fenn Faber e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Als Direkter vun der Klimaagence wier et net un him, fir Fuerderungen un eng nächst Regierung ze stellen, allerdéngs wier et elo wichteg, kloer Messagen ze ginn an eng Marsch-Richtung ze definéieren. D'Acteuren um Terrain hätte Projeten am Tirang a wéilten wësse wouhin et geet, fir eng gewëssen Planungssécherheet ze hunn. Och d'Gemenge géingen eng immens wichteg Roll spillen a grad do misst eppes geschéien um Niveau vun de kommunale Bauvirschrëften fir Solaranlagen a Wäermepompelen. Et bräicht eng Vereinfachung vun de Prozeduren an eng national Allianz fir d'Energietransitioun tëscht Politik, Betriber an de Bierger. D'Entwécklung an der Energietransitioun wier voll amgaang, an do hätt also déi nei Regierung eng grouss Responsabilitéit.
Vu 6.000 op iwwer 12.000 Berodungen am Joer
Den Interessi un der Energietransitioun ass staark geklommen. Bis 2019 huet d'Klimaagence just 6.000 Berodungen d'Joer gemaach, mëttlerweil wier ee bei iwwer 12.000. Bei enger Grondberodung géing een einfach mol opklären, wat d'Solutiounen um Marché sinn, wat fir eng Aiden et gëtt a konkret Tuyaue ginn, fir d'Demarchen z'entaméieren. Et géing een och dacks Virurteeler iwwer Wäermepompelen oder Elektromobilitéit aus dem Wee raumen.
Am meeschte Froen, iwwer 50 Prozent, géif et zu der Photovoltaik ginn. Duerno Heizen a Renovatioun. D'Energiekris wier e ganz staarke Booster gewiescht, fir all d'Froe ronderëm d'Energie-Spueren, sou de Fenn Faber. Et wier awer elo och wichteg, fir all d'Leit mat op de Wee ze huelen, Stéchwuert "Just Transition". Grad do bräicht een nach weider strukturell Mesuren, fir deene Stéit ënnert d'Äerm ze gräifen, déi an enger sougenannter "Energie-Aarmut" (précarité énergétique) sinn.
Politik muss den néidegen Encadrement bidden
Och bei de Gemengen a bei de Betriber géing ee gesinn, dass vill Interessi do wier, fir sech punkto Energie besser opzestellen. Et bräicht dofir weiderhi vun der Politik den néidegen Encadrement. Domat wier awer net just de Budget gemengt. Virop géingen d'Leit nämlech d'Gedold verléiere beim "Klein Klein" vun den Demarchen. Et misst een awer och nei Weeër goen, wéi zum Beispill mam Pilotprojet "Zesumme Renovéieren" zu Déifferdeng. Et bräicht een elo insgesamt méi Volume an eng Acceleratioun bei der Ëmsetzung, erkläert den Direkter vun der Klimaagence.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.