Kriminell Reseauen, déi Asyldemandeure schleisen, méi staark verfollegen
Lëtzebuerg wier praktesch dat lescht EU-Land, dat op engen oppen Asylpolitik gesat hätt an elo op eng méi realistesch Schinn kéim.
Dee Constat huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser e Freideg de Moien op RTL gemaach. Dat nodeems d’Regierung rezent seng Reegele verschäerft huet wat déi sougenannt "Dubliners" betrëfft, also Männer, déi eleng ënnerwee sinn a schonn an engem aneren EU-Land eng Asyldemande gemaach hunn. Dës kommen net a Strukturen, mä op Waardelëschten an deemno op d'Strooss. Fir d'ADR weist déi aktuell Situatioun hei am Land, datt d'Migratiounspolitik vu Lëtzebuerg a vun der EU gescheitert wier. De Fernand Kartheiser sot seng Partei géing zanter 2015 drop hiweisen, datt déi massiv Migratiounswellen géint d'Asyl- an Areesrecht géing verstoussen.
Fir unzefänke misst den Ënnerscheed gemaach ginn tëscht Asylrecht – hei ass d'ADR dofir - a wirtschaftlecher Migratioun. "Fir datt awer d'Akzeptanz fir den Asyl ka bestoe bleiwen an der Populatioun an och déi néideg Ressourcen zur Verfügung stinn, kann net eng grouss Migratiounswell aus anere Grënn – wéi gesot aus ekonomesche Grënn – esou predominant ginn, datt domadder d'Instrument vum Asil géing a Fro gestallt ginn", sou de Fernand Kartheiser.
Eng Rei vun den Asyldemandeuren, déi aktuell hei zu Lëtzebuerg ukommen, kéimen, wéi et heescht, awer aus Italien. Do ass d’riets-konservativ Giorgia Meloni Regierungscheffin an hir Partei ass och op europäeschem Niveau am selwechte Grupp ewéi d'ADR. De Fernand Kartheiser wollt och net Italien an den anere Mëttelmierstaaten d'Schold ginn, well déi wieren "iwwerfuerdert". Hien huet awer besonnesch insistéiert, datt kriminell Reseauen Leit aus Italien géingen op Lëtzebuerg "schleisen". Den ADR-Deputéierten ass der Meenung, datt d'Regierung bis elo ze tolerant gewiescht wier an déi nächst CSV-DP-Regierung déi Reseaue méi staark misst verfollegen.
Den Hëllefsorganisatiounen no wier awer ee vun den Haapt-Problemer, datt net genuch Strukturen do sinn fir Asyldemandeuren z'empfänken respektiv den allgemenge Manktem u Logement. Donieft si just een Drëttel vun de Gemengen hei am Land dem Appell vum Nach-Ausseminister Jean Asselborn nokomm, fir méi Plaz ze schafen. Hei war de Fernand Kartheiser awer formell: D'Gemengenautonomie dierft net a Fro gestallt ginn an et wier un den eenzele Gemengen ze decidéieren, wéi eng Politik se an deem Beräich wéilte maachen.
Den ADR-Deputéierten sot et géing och lénk, kommunistesch a sozialistesch Kritiker géint d'Migratiounspolitik ginn, well et an hiren Aen ënnert de soziale Schwaachen zu enger Konkurrenz kënnt ëm Ressourcen a Wunnengen. Ass dat dann net ebe grad, well net genuch Logement gebaut gouf? "Dir wësst, datt mir souwisou e grousse Logementsproblem hunn, dat hänkt mam Wuesstem zesummen", sou de Fernand Kartheiser. A sengen Ae wier dat net wéinst der Gemengenautonomie, mee well Europa "incapabel" wier seng "Rechtsstaatlechkeet och an der Migratiounspolitik ze liewen an duerchzesetzen".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.