E Méindeg de Moie war ënnert anerem d'Walresultat vun déi Lénk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Also franchement, ech erwaarden mer net terribel vill". Dat sot de Marc Baum zu der neier Regierung. Den Deputéierten vun déi Lénk war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. De Luc Frieden hätt am Ufank als Prioritéiten Aarmutsbekämpfung, Logement an d'Ëmwelt genannt, mee d'CSV hätt an de leschten 10 Joer Oppositioun erstaunlech wéineg zu dëse Sujete gesot.

Als besonnesch ondezent bezeechent de Marc Baum iwwerdeems d'Zesummesetzung vum Aarbechtsgrupp Logement bei de Koalitiounsverhandlungen. Vertrieder vu privaten Immobilien-Interessie wiere massiv am Aarbechtsgrupp vertrueden gewiescht. Grad déi, di sech an de leschten 10-20 Joer wierklech eng gëllen Nues verdéngt hätten, déi hir Gewënnmarge veraachtfacht hätten. Dat géif weisen, datt d'Wunnengskris net zu Gonschten vun de Leit wäert geléist ginn. Héchstens am Interessi vun de Promoteuren.

Mir fäerten eng Austeritéitspolitik um Bockel vun den Äermsten

Punkto Staatsfinanze wier scho länger gewosst, dass Lëtzebuerg een Defizit hätt. An dat hätt och de Luc Frieden gewosst an nawell wärend dem Walkampf eng General-Tournee versprach, dat och fir déi ganz grouss Revenuen. An de Verhandlungen hätt hie wuel elo festgestallt, dass dat net sou einfach wier. Dofir misst een elo fäerten, dass de Luc Frieden dat mécht, wat hie gutt kann. Nämlech eng Spuerpolitik. Eng Austeritéitspolitik, déi ëmmer um Bockel vun den Äermste gemaach gëtt, kritiséiert de Marc Baum.

Dobäi bräicht ee grad elo e Staat, deen aktiv gëtt an der Logementsproblematik. Et bräicht een ëffentlech Investissementer am Bausecteur an domadder kéint een dann och Aarbechtsplaze retten. Donieft bräicht et eng Stäerkung vun de Sozial-Systemer.

Eng Schan fir eist Land

Punkto Immigratiounspolitik misst ee soen, dass dat wat ee grad géing gesinn, nämlech Leit déi an Zelter ënnert der Bréck schlofen, eng Schan wier fir eist Land. Fir Steierflüchtlinge géing am Grand-Duché alles gemaach ginn, fir Krichsflüchtlingen allerdéngs net. Dat wier inakzeptabel. Dës Situatioun hätt in fine alt erëm mat der Logementsproblematik ze dinn.

Firwat hunn déi Lénk e schlechte Score gemaach?

Op d'Walresultat vun Déi Lénk ugeschwat, sot de Marc Baum, dass de Kontext einfach kee Favorabele gewiescht wier fir eng Partei wéi déi Lénk, déi staark op Solidaritéit setzt. Wéinst de ville Krisen, notamment den Ukrain-Krich an déi domat verbonnen Energie-Kris, hätt sech d'Gesellschaft individualiséiert. Dat heescht, d'Leit hätten hei am Land ëmmer méi op sech selwer gekuckt. Et hätt een eng éischt op de Bak krut bei de Gemengewalen an dofir wier ee ganz  erliichtert gewiescht, dass een déi 2 Sëtz an der Chamber hätt kënne verdeedegen.

Et bräicht elo eng staark inhaltlech lénk Oppositiounspolitik, an dofir hätt hien, zesumme mam David Wagner, wëlles de Motor ze si vun enger staarker Oppositiounspolitik, sou de Marc Baum.

Invité vun der Redaktioun: Marc Baum

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.