E Freideg de Moie war d'Zesummesetzung vun der neier Regierung en Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'CSV-Fraktioun muss "net alles schéirieden", wat d’Regierung mécht, och wann d'CSV elo nees an der Regierungsverantwortung ass. Dat huet de Marc Spautz, den neie Chef vun der gréisster Fraktioun an der Chamber, e Freideg de Moien hei op RTL deklaréiert. Hie sot och, d'Parteie vun der Regierungsmajoritéit wieren do, fir ze kontrolléieren, datt de Regierungsprogramm ëmgesat gëtt. "Mir sinn net do, fir einfach alles ofzeseenen, wat d'Regierung seet", sou de Marc Spautz. Hien huet drun erënnert, datt hie scho vun 2011 bis 2013 Fraktiounschef war, wéi d'CSV nach an der Regierung war. An deemools hat d'Fraktioun effektiv eng Kéier Adaptatioune bei engem Budgetsprojet vum Luc Frieden – deemools Finanzminister – gefuerdert.

Ass et fair, datt säi gudde Kolleeg Michel Wolter als Drëttgewielten op der CSV-Südlëscht weder Minister, nach Parteipresident, nach Fraktiounschef gëtt? De Marc Spautz wollt net kommentéieren, wat de Premier Luc Frieden mam Michel Wolter diskutéiert hätt. Hie selwer, de Marc Spautz, wier gefrot ginn, fir Fraktiounschef ze ginn an hätt och mam Michel Wolter doriwwer geschwat. Hien huet och verséchert, säi Kolleeg kréich eng féierend Roll an der Fraktioun.

Kritik gouf et jo och schonn, well d'CSV d'Educatioun an de Logement der DP iwwerlooss hunn. Zwee Beräicher, wou se sech déi lescht Jore fir aner Léisungen ausgeschwat huet. De Marc Spautz huet zouginn, seng Partei wier wuel un der Educatioun an dem Logement als Ressorten interesséiert gewiescht, hien huet awer gekontert, datt d'CSV an all de Beräicher Kritik ausgeüübt huet déi lescht Joren an et wier schwéier gewiescht, all d'Ministèren ze kréien. Bei enger Koalitioun misst ee Kompromësser agoen an d'CSV hätt zum Beispill och d'Santé kritt.

De Marc Spautz war e Freideg de Moien och iwwerzeegt, datt mam Regierungsprogramm en Equiliber assuréiert wier tëscht dem méi liberale Fligel vun der CSV an dem méi sozialen. Nieft de steierleche Virdeeler fir Investisseuren am Logement oder der Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun, wou och héich Revenue staark entlaascht ginn, wier kloer, datt nach weider Mesurë géinge kommen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.