"E Koalitiounsaccord, mat deem mir kënne schaffen"
E Méindeg de Moie waren ënnert anerem d'Beräicher Steieren a Wirtschaft aus dem Koalitiounsaccord Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Regierungsprogramm vun CSV an DP krut e Méindeg de Moien eng gutt Nott vum LCGB-President Patrick Dury. De Gewerkschaftler sot hei op RTL et géing a Punkto Aarbechtsrecht vill Iwwerschneidunge mam Aktiounsprogramm vum LCGB ginn. Hien ass iwwerzeegt, datt ee kéint "zu Resultater kommen am Interêt vun de Leit, déi hei am Land schaffen".
De Patrick Dury huet fir unzefänke begréisst, datt d’CSV an DP wëllen eng Léisung fannen, fir datt schwéierkrank Leit – wa se méi ewéi 78 Wochen op 3 Joer op der Schaff feelen – an Zukunft net méi ofgemellt ginn. Hien huet och begréisst, datt et eng nei legal Basis soll gi fir d’Aarbechtszäit flexibel z’organiséieren. Kollektivverträg sollen als Base déngen an d’40-Stonne Woch net a Fro gestallt ginn. Am Akkord steet awer och eng Joresaarbechtszäit als Referenz, mee de Patrick Dury huet betount, déi wier "à discuter".
Ass den "S" fir "Sozial" am Numm vun der CSV mam Regierungsprogramm ageléist? An ass de Patrick Dury frou, datt nodeems d’LSAP 14 Joer laang den Aarbechtsministère hat, d’CSV mam Georges Mischo de Ministère nees iwwerhëlt? De Patrick Dury wollt weder enger Partei, nach enger Persoun eng Zensur ginn. "Mir hunn hei e Koalitiounsaccord leien, mat deem mir kënne schaffen", sou den LCGB-President. Et géing ëm d’Resultat goen a wat ee fir d’Leit kéint "erausschloen".
Wat de Logement ugeet, respektiv d’Kris am Bau, hei huet de Patrick Dury eng "Tripartite" gefuerdert. D’Mesuren am Regierungsprogramm ginn a sengen Ae net duer. D’steierlech Virdeeler fir Investisseuren, déi d’CSV an DP wëllen aféieren, respektiv rëm aféieren, huet hien iwwerdeems net esou kritesch ugesinn ewéi déi aner Gewerkschaft, den OGBL. An der aktueller Situatioun misst een alles maachen, fir datt jonk Leit en Daach iwwert de Kapp kréien an dowéinst misst d’Offer an d’Luucht goen. Als Gewerkschaftler géing hien awer och un déi Beschäftegt am Bau denken – e Secteur an deem et aktuell all Woch schlecht Nouvellë géinge ginn.
Iwwerdeems d’CSV an d’DP de Steierbarème dann u 4 Indextranchen wëllen upassen an domadder d'Leit entlaaschten, verlaangt den LCGB, datt de Barème reegelméisseg ugepasst gëtt. Donieft ass de chrëschtleche Gewerkschaftsbond der Meenung, datt kleng- a mëttel Paie méi entlaascht ginn. Op d’Fro, ob all déi steierlech Mesurë finanzéierbar sinn oder wéinst de Mesuren e Spuerkurs méi probabel gëtt, dorobber huet de Patrick Dury geäntwert, hien hätt nach näischt doriwwer am Regierungsprogramm gelies.
Als eenzegen negative Punkt huet hien iwwregens d’sozial Sécherheet genannt, wou ee sech op d’mannst kéint Froe stellen. Am Regierungsprogramm steet nämlech, datt de Fonctionement an d’Finanzéierung vun der Sécu misst iwwerkuckt ginn. Den LCGB President war awer net besonnesch besuergt, well et jo Reuniounen tëscht der Regierung an de Gewerkschafte ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.