En Dënschdeg de Moie waren d'steierlech Entlaaschtunge fir d'Betriber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi nei Regierung huet verstanen, datt d’Suen, déi ee wëll investéieren, als éischt musse verdéngt ginn. Dat huet de Michel Reckinger en Dënschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. De President vun der Union des entreprises UEL, dee selwer Patron ass, huet zwar der leschter Regierung fir eng gutt Zesummenaarbecht ausdrécklech "Merci" gesot. D’DP-LSAP-Gréng Regierung hätt de Betriber awer net genuch "Loft" gelooss, fir ze schaffen.

Aus dem Koalitiounsaccord vun CSV-DP liest de Michel Reckinger en neit "Signal" eraus. Well d’Betribssteier erofgesat wäert ginn? Nee, sou de Vertrieder vun de Patronen: seng Ausso baséiert virun allem op d’Prozeduren, déi solle vereinfacht ginn. Net just am Bau, deen an der Kris ass, mee och op der Finanzplaz. Hie sot am Accord wier zum Beispill virgesinn, datt wann Direktiven ëmgesat ginn, net nach eng "Schëpp" drop geluecht soll ginn.

Besonnesch am Bau missten awer Mesuren "direkt" kommen, sou den Entrepreneur. D’steierlech Virdeeler, déi d’CSV an DP virgesinn, fir den Invest an de Locatif nees ze unzekuerbelen, géingen dem Michel Reckinger no net duergoen. Éischtens missten déi 7% Enregistrement – fir ee Joer op d’mannst – um Quote-part, dee scho gebaut gouf, ofgeschaaft ginn, fir datt d’Entrepreneuren e Stock u Wunnenge kéinte bauen. Donieft huet hie gehofft, datt sou wéi de Premier Luc Frieden et e Méindeg bei eis op der Tëlee ugekënnegt huet, d’Regierung, d’Handwierk, mee och d’Gemenge sech un den Dësch sëtzen. De President vun der Union des entreprises huet nämlech betount, datt de Staat an d’Gemengen déi gréisste Bauland-Besëtzer sinn, mee 3 bis 4 Mol manner Wunnenge géinge bauen ewéi d’Promoteuren. Et misst net just méi gebaut ginn, well de Bausecteur an der Kris ass an Aarbechtsplazen um Spill sinn, mee och well vill méi Wunnenge gebraucht ginn.

D’Rezessioun, laanscht déi Lëtzebuerg dëst Joer net wäert laanschtkommen, wier dem Michel Reckinger no iwwerdeems och deels op den Index zeréckzeféieren. Hien huet erkläert, datt d’Betriber net just d’Indextranchen hu missen ausbezuelen, mee selwer och d’Präisdeierecht hätte missen astiechen, well se déi net ganz de Clienten hätte kënne weider ginn. Säin eegene Betrib géing manner Marge maachen an hien hätt scho Leit missen entloossen. Wann d’Lounkäschten e Problem wieren, ass et dann net de Patron, deen den héchste Loun a sengem Betrib huet? De Michel Reckinger huet verséchert, datt a Krisesituatiounen deen éischten, wou gespuert gëtt, de Patron wier.

"Et gëtt näischt méi Soziales ewéi e Betrib", sou de Patronatsvertrieder weider. A sengen Ae géing e Betrib nämlech vu senge Leit gedroe ginn. D’Co-Decisioun tëscht Patron an Employéen huet hien e "Paradigmewiessel" genannt. Kompetitiv a sozial wier "absolut" méiglech, sou de Michel Reckinger.

Invité vun der Redaktioun: Michel Reckinger

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.