D'Landwirtschaft brauch Perspektive fir d'Zukunft
E Mëttwoch de Moie war d'Landwirtschaft an Zäite vum Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Et war eigentlech vun Ufank u kloer, dass de Konsumenteschutz zu menge Ressorte gehéiert, mee et stoung net vun Ufank un a mengen offiziellen Titelen. Mir wollten et dunn awer méi kloer maachen an du gouf den Titel bäigefüügt", erkläert déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz a fir d'Landwirtschaft, d'Liewensmëttel an de Wäibau Martine Hansen e Mëttwoch um RTL-Mikro.
De Konsumenteschutz wier der Regierung wichteg an als éischt Prioritéit géing een do den Dossier vun de Sammelkloen upaken. Dës EU-Direktiv misst nach hei zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Allerdéngs kritiséiert de d'ULC (de Lëtzebuerger Konsumenteschutz), dass mam Lëtzebuerger Gesetzestext géing versicht ginn, Wirtschaftsintressien iwwer déi vum Verbraucher ze setzen. D'Martine Hansen gëtt zou, dass mat dem Text, dee vun der leschter Regierung virläit, Exceptioune fir de Bankesecteur virgesi waren. Éischtens hätt de Staatsrot do souwisou eng Opposition formelle gemaach an zweetens géing een d'EU-Direktiv elo ganz genee ëmsetzen. Generell gekuckt, wier den aktuelle Gesetzestext net ganz gutt. Si wéilt elo sou séier wéi méiglech een neien Text op d'Bee stellen, den d'Strooss hält, sou d'Invitée.
Méi Dialog mat de Baueren
Am Ressort vun der Landwirtschaft géing déi nei Ministesch virop op den Dialog setzen. Dofir hätt si och festgehalen, dass all 6 Méint soll ee Landwirtschaftsdësch mat all den Acteuren op d'Bee gestallt gëtt an net just, wann et grad brennt. Do soll all Kéier iwwer d'Aktualitéit geschwat, ma och jeeweils een anere Sujet op de Leescht geholl ginn. Et kéint een net ëmmer all Mënsch alles gerecht maachen, mee et wier wichteg, d'Leit och net just fir de Schäin z'invitéieren an dann net wierklech ze lauschteren.
Wéi eng Perspektive fir d'Landwirtschaft?
An de leschte 25 Joer sinn iwwer d'Hallschent vun de Bauerebetriber verschwonnen. Aktuell ginn et der nach ronn 1.500. De Strukturwandel wäert een net ganz kënne bremsen, dee gëtt et scho relativ laang, mee et hätt een awer vill jonk motivéiert Leit an deene misst ee Perspektive bidden, sou déi nei Landwirtschaftsministesch.
Et wier kloer, dass de Véibestand misst reduzéiert ginn, wéinst der Ammoniak-Direktiv vu Bréissel, mee et misst een dat och relativéieren. Zu Lëtzebuerg ass ronn d'Hallschent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch Gréngland an dat misst een och weiderhin notzen. Dofir géing et och weiderhi Véihaltung zu Lëtzebuerg ginn. Donieft ginn et awer eng Rei Alternativen. Beim Thema Agri-Photovoltaik, also Photovoltaik-Anlagen op landwirtschaftleche Flächen, huet d'Ministesch erkläert, fir d‘éischt sollte versigelt Fläche fir d'Installatioun vu Solaranlage genotzt ginn, ier dat op landwirtschaftleche Fläche gemaach géif.
Uebst- a Geméisbau
A punkto Uebst-a Geméisbau wier nach vill Loft no uewen. Do wéilt déi nei Regierung weiderhin de sougenannte Waasserdësch aberuffen, mee da misst awer och doropshin eppes geschéien. Et kéint net sinn, dass nach 10 Joer laang Etüde gemaach ginn, ier iwwerhaapt emol e Pilotprojet lancéiert gëtt. Do missten och endlech Waasseropfangbecke gebaut ginn, fir Modell-Betriber kënnen opzeriichten, esou d'Martine Hansen.
Ulafstell fir d'Baueren
Et feelt donieft nach ëmmer un enger konkreter Ulafstell fir d'Baueren. Vill Baueren hunn Iddien, mä keen Uspriechpartner. Dofir bräicht et en Innovatiounsberoder, deen och déi 3 zoustänneg Ministèren (Ëmwelt, Landwirtschaft an Energie) zesummebréngt.
Glyphosat
Dës Regierung géif a Punkto Verbuet vum Glyphosat keen esou en Alleingang maachen, wéi hir Virgänger, esou d'Martine Hansen. D'Autorisatioun vum Planzeschutzmëttel Glyphosat gouf jo op EU-Niveau ëm 10 Joer verlängert. Dës Decisioun géif d'Regierung och respektéieren. D'Martine Hansen wëll d'Baueren dozou kréien, fräiwëlleg dorobber ze verzichten a wëll dowéinst eng finanziell Ënnerstëtzung als zousätzlech Motivatioun aféieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.