E Freideg waren d'Enjeue vun enger Gemeng, vun deene 60% vun den Awunner am Grand-Duché schaffen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Buergermeeschtesch vun Däitsch-Oth war e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. D‘Viviane Fattorelli huet déi duebel Nationalitéit, gouf zu Esch gebuer, mee ass direkt hannert der Grenz zu Audun-le-Tiche grouss ginn, wou si haut d'Geschécker vun der Gemeng leet. Schaffen deet si als Franséischproff am Schengener Lycée, deen allerdéngs zu Pärel an Däitschland läit. Si kennt d'Situatioun vun de Frontalieren also ganz gutt.

Et géinge vill Ongerechtegkeete ginn, ugefaange bei hirer eegener Situatioun. Si kritt als Buergermeeschtesch weder Congé politique vu Lëtzebuerger Säit, well si keen nationaalt Mandat huet, nach vun franséischer Säit, well si fir de Grand-Duché schafft. Obwuel souwuel d'Lëtzebuerger Regierung wéi och déi franséisch Autoritéiten ugeschriwwe goufen, wier zanter 2021 näischt méi geschitt. Et géing ëmmer op den CIG verwise ginn, d'Commission intergouvernementale franco-luxembourgeoise, allerdéngs ouni Succès.

60 Prozent vun den Awunner schaffen zu Lëtzebuerg

E weidere Problem ass de Wuesstem. An de leschte Joren ass d'Populatioun vun Däitsch-Oth ëmmer weider an d'Luucht gaangen. Et géing een op den aktuelle Recensement waarden, mee leschte Stand war d'Gemeng bei 7.300 Awunner an huet dofir just e Budget vun 13 Milliounen Euro. 60 Prozent vun der aktiver Populatioun wiere Pendler, dorënner och vill "atypesch Frontalieren", wéi d'Buergermeeschtesch se nennt. Dat wiere Leit, déi laang zu Lëtzebuerg gelieft hätten a sech kee Loyer oder keen Haus méi kéinten am Grand-Duché leeschten an dofir geplënnert sinn. Doduerch wieren och d'Loyerspräisser an hirer Gemeng däitlech an d'Luucht gaangen, erkläert d'Buergermeeschtesch.

Just nach 1 aktiven Dokter an der Gemeng

D'Viviane Fattorelli ass zanter 3 Joer Buergermeeschtesch. E grousse Projet an hirer Walcampagne war d'Gesondheetsversuergung. Aktuell géingen et 4 Dokteren zu Däitsch-Oth ginn, dovu wieren der allerdéngs 3 an der Pensioun. D'Situatioun wier wierklech kritesch, well déi meescht Dokteren an Infirmièren aus der Groussregioun jo géingen op Lëtzebuerg schaffe goen. Et wier een dofir amgaangen eng Maison de santé pluridisciplinaire opzebauen. Mee och do misst ee bedenken, dass natierlech 60 Prozent vun de Leit an hirer Gemeng zu Lëtzebuerg verséchert sinn. De Problem misst och an der CIG diskutéiert ginn, well als Gemeng eleng, hätt ee kee Poids.

D'Kooperatioun an der Groussregioun wier net evident. Et wier een am GECT Alzette-Belval (Groupement Européen de Coopération Territoriale) an dee misst een als Laboratoire benotzen, fir Projeten ze starten a verschiddene Beräicher. Dovunner géing een allerdéngs den Ament net vill um Terrain gesinn.

Rétrocession fiscale: Et ass eng Fro vu Gerechtegkeet

Stéchwuert Rétrocession fiscale: Lëtzebuerg huet mat am Ganze 553 belsche Gemengen een Accord, wou all Joer een Deel vun de Lëtzebuerger Recetten - am ganze waren et zejoert 48 Milliounen Euro -  zeréckginn un déi Gemengen, well d'Leit jo do wunnen an do d'Infrastrukture benotzen, mee awer Steieren hei zu Lëtzebuerg bezuelen. Mat Frankräich an Däitschland gëtt et dat aktuell net. Fir d'Viviane Fattorelli wier dat allerdéngs eng Fro vu méi Gerechtegkeet. Et wier e kriddelege Sujet tëscht Lëtzebuerg a Frankräich. Si wier natierlech fir eng Compensation fiscale, mee déi kéint jo verschidde Formen unhuelen. Et misste jo net onbedéngt einfach Sue fléissen. Et kéint een och gemeinsam Projeten op d'Bee stellen. Esou eng Kompensatioun wier wichteg fir Däitsch-Oth, well d'Gemeng huet just e Budget vun 13 Millioune fir hire Fonctionnement a fir Investissementer. A mat dem grousse Wuesstem vun der Bevëlkerung bräicht ee méi Infrastrukturen, Schoulen a Crèchen. Et wier wichteg, dass de Grand-Duché géing kompenséieren. Dat wier wichteg fir d'sozial Kohesioun am grenziwwerschreidende Gebitt, sou d'Buergermeeschtesch vun Audun-le-Tiche.

Invité vun der Redaktioun: Viviane Fattorelli

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.