Et dierfe keng eidel Versprieche bleiwen
E Mëttwoch de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den CSV-DP-Koalitiounsaccord ass e Bekenntnis zur Landwirtschaft, mee et dierfe keng eidel Versprieche bleiwen. Dat fuerdert de Charel Ferring e Mëttwoch de Moien. De President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere war eisen Invité vun der Redaktioun. Hie wier awer optimistesch, well déi nei Ministesch Martine Hansen sech an der Landwirtschaft géing wuel fillen a positiv wier och, datt zwee Deputéiert Bauere sinn (de Jeff Boonen (CSV) an de Luc Emering (DP)).
Fuerderung no engem besseren Dialog
D'Prioritéit fir d'Jongbauere wier elo den Dialog. Mat der leschter Regierung hätt dat dacks net sou gutt geklappt an hätt dunn zu der Aktioun "Roude Stiwwel" gefouert, wou jo iwwerall uechter d'Land gréng Kräizer mat Roude Stiwwelen opgestallt goufen. Et wier wichteg, dass de Secteur elo laangfristeg Perspektive géing kréien an dass besonnesch jonk Bauere wéissten, wou d'Regierung mat hiren neien Ziler, déi se definéiert hunn, hi wéilt. An de leschte 25 Joer sinn nämlech iwwer d'Hallschent vun de Betriber verschwonnen. Aktuell ginn et der ronn 1.500. Dat wier eng richteg alarmant Entwécklung, besonnesch well d'Landwirtschaft nach ëmmer den eenzege Secteur wier, deen CO2 a grousser Fläch kéint späicheren, dee Biodiversitéit géing schafen a sou e wichtege Partner am Kampf géint de Klimawandel wier, erkläert den Invité.
Et kann een d'Kou net 2x sträichen
Et géing ee sech froen, wéi e Betrib 2030 soll ausgesinn, ebe well Baueren och ëmmer manner sollen op klassesch Véizuucht setzen. Stéchwuert: Agri-Photovoltaik. Do wier ee Pilotprojet um lafen, fir op landwirtschaftleche Flächen am grousse Stil Solaranlagen ze bauen. Déi jonk Bauere fuerderen awer fir d'éischt mol, d'Capacitéiten op versigelte Flächen ze notzen an net wäertvoll Fläche vun der Landwirtschaft mat Panneaue voll ze leeën. "D'Sonn kann een nëmmen 1x notzen. Entweder fir d'Photosynthees oder fir d'Agri-PV. Dat heescht, do kann een d'Kou net 2x sträichen. Dat geet net", sou de Charel Ferring. Et misst een awer elo mol de Feedback vum Pilotprojet ofwaarden.
Maueren ofrappen, fir eppes z'erreechen
Grad wat nei an innovativ Projeten ugeet, misst dës Regierung par rapport zu der Leschter eng Schëpp bäileeën. Eng Rei Jonker wiere mat hire Projeten eleng gelooss ginn a goufen net ënnerstëtzt. D'Projete gounge vun enger Direkt-Vermaartung vu Geméis a Fleesch, wou um Haff selwer geschluecht a verschafft gëtt, bis hin zu engem mobille Schluechthaus, wat u sech eenzegaarteg hei am Land ass, erkläert de Charel Ferring. Et géing do um néidegen Know-How an de Verwaltunge feelen. De Secteur bräicht och eng besser Berodung, an de Client misst nees méi no un de landwirtschaftleche Produit bruecht ginn. Beim Environnement wier et zum Beispill d'Problematik vun den Autorisatiounen, fir Zären a Gréngzonen ze bauen. Och d'Waasserversuergung an der Geméisproduktioun wier een Thema. Sief et Waasseropfangbecke bauen, nei Leitunge leeën oder en neie Buer opmaachen. Do wieren einfach d'Beméiungen net do, fir an déi Richtung ze schaffen. Dowéinst wier e Guichet-Unique, deen déi nei Regierung versprécht, net vu Muttwëll.
Kritik un der Landwirtschaftskummer
Nächst Joer si Sozialwalen an do fuerderen d'Jongbauere méi Engagement vun hirer Vertriedung, der Landwirtschaftskummer. Vill Bauere géinge sech froen, wou all d'Suen higinn a wéi d'Suen agesat ginn, déi dem Gremium zur Verfügung stinn. Et géing een näischt vun hirer Aarbecht mierken. Dofir wier et wichteg, elo nei Leit an de Gremium ze wielen, déi vläicht hir Saach besser géinge maachen oder op d'mannst aneschters, sou de President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.