Mir brauchen een ambitiéise Plang fir de sozialen a solidareschen Secteur
En Dënschdeg de Moie war de solidaresche Wirtschaftssecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Am sozialen a solidaresche Wirtschaftssecteur schaffen tëscht 15 an 20.000 Leit. Dat sinn Entreprisen, déi organiséiert sinn als Kooperativen, Asblen, Fondatiounen a sougenannt SIS'en (Société d'impact sociétal), déi hire Profit notzen, fir am soziale Beräich eng Plus-value ze schafen. Se sinn net Benefice-orientéiert, mee erfëllen e gesellschaftlechen Zweck. Dat huet de President vum Daachverband, der ULESS um Dënschdeg de Moien erkläert. De Raoul Schaaf war eisen Invité vun der Redaktioun.
Et muss een eng vun zwou Konditiounen erfëllen, fir Deel vun dësem Secteur ze sinn. Entweder et schafft ee mat Leit, déi a schwierege Situatiounen sinn (vulnerabel Persounen) oder et engagéiert ee sech fir méi Nohaltegkeet a manner Ressource-Verbrauch.
Keen eegestännege Ministère méi
De Ministertitel vun der Economie sociale et solidaire gouf ofgeschaaft. D‘LSAP-Deputéiert Paulette Lenert huet e Méindeg gesot, dat wier keen Oubli, mee e bewosste Choix. Dozou sot den Invité, dass net just den Titel verschwonne wier, mee och dee vum Emploi. Natierlech hätt ee sech een eegestännege Ministère gewënscht virun de Walen, mee et géing hien awer berouegen, dass et nach ëmmer hiert zoustännegt Departement am Ministère géing ginn, an dass ee mat deenen och eng Konventioun hätt.
Och de Fait, dass een am Koalitiounsaccord näischt iwwer déi sozial a solidaresch Wirtschaft fënnt, géing hien net beonrouegen. Et géing een dofir déi eng oder aner Kéier den Terme "Durabilitéit" fannen. An et géingen eng Rei Usätz ginn, déi géingen an d‘Richtung goen, dass een awer d'Gefill hätt, dass hire Wirtschaftszweig unerkannt a wichteg wier. Op der anerer Säit wier et och esou, dass ee genuch Energie hätt, fir de Secteur op der politescher Agenda ze halen, esou de Raoul Schaaf.
Mir brauchen een ambitiéise Plang
D'Fuerderungen un déi nei Regierung sinn ënnert anerem sech een ambitiéise Plang ze gi fir d'sozial a solidaresch Wirtschaft am Land. Et kéint ee sech un de 17 Objektiver um europäeschen Niveau inspiréieren. Dofir bräicht et dann och den néidege Budget an d'Personal. D'ULESS huet d'lescht Woch hiren 10. Gebuertsdag gefeiert an do war och den neien Aarbechtsminister Georges Mischo present. Et wier flott gewiescht, dass hien a senger Ried d‘Wichtegkeet vum Secteur ënnerstrach hätt. Donieft hätt de Minister sech engagéiert, fir eng Entrevue iwwert déi zukünfteg Zesummenaarbecht mam Secteur z'organiséieren.
SISen sinn eenzegaarteg an Europa
Lëtzebuerg huet mat de SISen een eenzegaarteg Modell an Europa. Zanter 2016 kann een dës „Sociétés d‘impact sociétal“ grënnen. Et kann een an déi Firmen investéieren, mee et kritt een näischt zeréck. De Profit bleift an der Firma oder gëtt reinvestéiert an eng aner SIS. 2019 goufen et eng 20 SISen, haut wier ee schonn bei 62. Et géing een also gesinn, dass de Modell ëmmer méi Leit unzitt. An dem Modell gi keng Dividenden ausbezuelt. D'Leit, déi also a SISen investéieren, géinge ganz bewosst een Engagement maachen an eng nohalteg Entwécklung. D'Palette vu SISe geet vun Entreprisen am Upcycling, am Bien-Être, et géing een vun allem fannen, sou de Raoul Schaaf.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.