De Logement ass "eng Aufgab vun der ganzer Lëtzebuerger Gesellschaft"
En Donneschdeg de Moien war d'Logementspolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Logement ass d'Aufgab vun der ganzer Regierung, jo souguer vun der ganzer Lëtzebuerger Gesellschaft, dat huet de Claude Meisch als Logements- a Landesplanungsminister en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Nieft dem Logementsministère gëtt et och den Inneminister an d’Gemengen, den Ëmweltministère a gewëss Prozeduren, de Finanzministère an de Kader fir verschidde steierlech Mesuren an de Privatsecteur, sou de Claude Meisch. An déi missten all zesummen agéieren.
Iwwerdeems d’Präisser an der Vente erofginn, explodéieren d’Loyeren am Moment. Dem Claude Meisch no kéint dee Problem nëmme geléist ginn, andeems d’Offer gestäerkt gëtt. Mä et bräicht ee Gedold: "Datt de Problem vum Logement net vun haut op muer ze léisen ass, ass kloer". Hien huet op ee Projet higewisen, deen zanter Joren amgaang ass an elo Gréng Luucht krut, mä wou d’Wunnengen eréischt a 4 bis 5 Joer wäert stoen. Aus deem Grond solle sech Regierung, Gemengen a Bausecteur am Februar gesinn, fir d’Prozeduren ofzeschlaken. Wéi ass et mam Widderstand vu Residentë géint nei Bauprojeten virun der Dir? Hei war de Claude Meisch "optimistesch", datt déi allermeescht Leit hei am Land verstanen hätten, datt méi Wunnenge missten entstoen, fir datt och hir Kanner nach en Daach iwwert dem Kapp kréien.
Et muss méi gebaut ginn a méi séier also, mä et muss och bezuelbar sinn. Dowéinst hat déi lescht Regierung jo scho probéiert, d’Roll vum Staat ze stäerken. De Claude Meisch sot dorunner ännert näischt. Eng genee Zomm fir den ëffentlechen Invest huet hien net genannt, mä hie sot, de Staat géing och weider privat Projeten, déi an der Maach sinn, opkafen. De Staat eleng géing awer net duergoen et bräicht een och Leit, déi Suen hunn, sou den neie Logementsminister.
Well d’Zënse geklomme sinn, géing et och a sengen Ae nees Sënn maachen de privaten Invest an d’Demande ze stäerken. Och mat Mesuren, ewéi steierlech Virdeeler, déi d’DP an der leschter Regierung selwer erofgefuer hat. Dowéinst wieren déi Mesuren zäitlech limitéiert. D’Reform vum Loyersgesetz mat Loyersbremse wier iwwerdeems zwar net vum Dësch, mä do misst een nach emol "d’Käpp beienee strecken", fir en Equiliber ze fannen. Engersäits bräicht ee genuch bezuelbar Wunnengen, fir d’Leit, déi d’Land bräicht. Anersäits bräicht awer een, dee Logement schaaft, och ëmmer e Rendement, sou de Claude Meisch.
Ewéi hie sech d’Woch tëscht Logements-, Landesplanungs- an Educatiounsministère opdeelt, dat géing sech am Moment "apendelen". Am Educatiounsministère géing op Kontinuitéit gesat ginn, wat tëscht den Zeile bedeit, datt hien och Zäit fir de Logement hätt. Hie géing den Ament vill liesen, vill mat Leit schwätzen an dee Ressort entdecken. Et wier eng gutt Ekipp am Logementsministère, déi hien awer nach wéilt liicht ëmstrukturéieren. Wéi, wollt de Minister awer net soen, well hien d’Annonce nom Interview am Ministère als Éischt wéilt maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.