En Dënschdeg de Moie war de Virage ambulatoire d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ginn eng Partie positiv Punkten am neien CSV-DP-Regierungsprogramm. Virop, datt sech d'Regierung weiderhin zur konventionéierter Medezin bekennt an domadder eng Zwou-Klasse-Medezin evitéiert gëtt. Dat sot den Dr Jean Reuter um Dënschdeg de Moien. De Vizepresident vun der Associatioun vun de salariéierten Spidolsdoktere war eisen Invité vun der Redaktioun.

Et géing een och begréissen, dass een Effort gemaach gëtt fir d'Digitaliséierung weider ze dreiwen, fir d'Interkonnektivitéit tëscht de Spideeler ze promouvéieren. Och d'Formatioun an d'Recherche solle promouvéiert ginn, dat wier wichteg fir d‘Attraktivitéit vum System. Donieft solle jo och Centres d‘excellence médical geschaaft ginn. Dat wier eng flott Iddi, well doduerch kéinten national Servicer mat enger gewëssener Excellenz entstoen. Da misst och net méi all Service an all Spidol sinn. An engem klengen Land mat 4 Spideeler wier et net méiglech iwwerall „médecine pointue“ ze maachen. „Pas tout partout“, wier och eng laangjäreg Fuerderung vun den Dokteren.

Keng deloyal Konkurrenz schafen

De Virage ambulatoire, also dass ambulant Fleeg ausserhalb vun de Spideeler ugebueden gëtt, wier net eppes wat d‘Associatioun vun de salariéierten Spidolsdotkeren per se géing stéieren. Do wou si eng gewëssen Angscht hätten, wier dass eng deloyal Konkurrenz entsteet, an dass dat eng hausgemaache Penurie un Dokteren an de Spideeler mat sech zitt. An deenen Zentre géing dann nämlech eng einfach a rentabel Medezin gemaach ginn an d'Spideeler hätten da just nach déi komplex an deementspriechend manner rentabel Servicer. An deenen Zentren missten Doktere keng Nuetsdéngschter maachen a net a Schichten schaffen, erkläert den Invité.

National Servicer konventionéieren

Eng weider Angscht vun de salariéierten Spidolsdokteren ass och, dass d‘Spideeler duerno just nach grave Urgencen a komplex Pathologien traitéieren, ouni dofir déi néideg finanziell Kompensatioun ze kréien.
An de Spideeler ginn et eng ganz Rei ganz wichteg Servicer, déi awer wirtschaftlech net rentabel sinn. Dat wieren notamment eng ganz Rei vun nationale Servicer déi och, awer net just, an der Kannerklinik ugebuede ginn. Zum Beispill d‘Onkologie. Do ginn et ënnert Ëmstänn just 1-2 Spezialisten am Land, déi dann zoustänneg si fir d'Kanner am ganze Land an der Sous-Spezialitéit, erkläert den Invité. An wann een déi net hätt, da missten d‘Kanner an d‘Ausland goen. Dës Servicer hätten also een intérêt publique een intérêt national. Souguer wann d‘Nomenclature do à jour wär, wieren déi Servicer ni rentabel. Dofir misst een aner Finanzéierungs-Moyene fannen. Den Dr Jean Reuter proposéiert zum Beispill Konventiounen mam Santésministère. Dat wier ugeduecht, mee dat misst ee weider ausbauen.

Bis 2045 een Unisspidol

Et wier gutt, dass d‘Regierung sech zur Recherche bekennt an dës och promouvéieren wëll, allerdéngs géing et do e Manktem un Éiergäiz ginn, sou den Dr Jean Reuter. Et géif ee sech wënschen, dass ee géing à long terme bis 2045 op een Unisspidol hischaffen. E grousst Unisspidol géing zur Attraktivitéit vum Land bäidroen, wat d'Ausbildung ugeet. Doduerch kéint een dann och auslännesch Medezinsstudenten unzéien, déi dann hei am Land kéinte bleiwen, sou de Vize-President vun der Associatioun vun de salariéierten Spidolsdokteren.

Invité vun der Redaktioun: Dr Jean Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.