E Mëttwoch de Moie waren d'Steiererklärungen an d'Stëmmung an der Steierverwaltung Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Mir brauchen dréngend Leit", sot de Guy Hansen vum Syndicat Unifié des impôts directs (SUID) e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De Personalvertrieder bei der Steierverwaltung huet erkläert, datt an de nächsten 10 Joer och 350 Agente missten ersat ginn, déi an d'Pensioun ginn. Nei Leit missten och forméiert ginn an enger Matière, déi ëmmer méi komplex géing ginn.

Eng 1.000 Beamte musse méi ewéi 300.000 Dossieren d’Joer ofschaffen. Déi reegelméisseg Ännerungen um Steiersystem géingen d'Aarbecht och net méi einfach maachen. "Et si wierklech komplex Saachen" an och fir d’Steierzueler wier et dacks "Chineesesch", sou de Guy Hansen. Hien an de Syndicat unifié des contributions directes wënsche sech einfach, datt et méi einfach gëtt, ewéi zum Beispill an der Belsch.

Retarde fir d’Personal opzestocken a Retarde bei der Digitaliséierung ginn engem Audit vum Boston Consulting Group no eréischt zanter 2014 opgeschafft. Wéi reporter.lu Enn Oktober gemellt hat, hätt déi lescht Finanzministesch Yuriko Backes och d'Mandat vun der Direktesch vun der Steierverwaltung Pascale Toussing net verlängert, well hir net genuch Fortschrëtter gelonge wieren. De Guy Hansen sot dozou just, datt säi Syndikat reegelméisseg e gudden Austausch mat der Direktioun hätt.

E Projet fir en neien Intranet, deen hie presentéiert krut, wier och genee, wat gebraucht wier. Vun "toxeschem Klima" an der Verwaltung, ewéi reporter.lu geschriwwen hat, wollt de Guy Hansen net schwätzen. Hie schafft selwer do a géing seng Aarbecht gär maachen. Et wier eng attraktiv Verwaltung, och wann et effektiv ëmmer méi Aarbecht géing ginn.

A 5 Schaffdeeg ass den Delai ofgelaf, fir seng Steiererklärung fir d’Joer 2022 ofzeginn. Mëtt Oktober hate réischt d'Hallschent vun de Leit an de Betriber hir Steiererklärung ofginn. Dowéinst hätt een den Ament vill um Steieramt ze dinn. D’Steierzueler wieren och dacks iwwerfuerdert. Allerdéngs huet de Guy Hansen drop higewisen, datt een d’ganzt Joer Zäit huet. Wann een elo bei der Fiduciaire net méi géing bäikommen, da wier een och e bësse "selwer Schold".

Fir de Leit entgéint ze kommen, huet hien awer ënnert anerem proposéiert, datt d'Leit op hiren Decompten ugewise kréien, wéi een Agent hiren Dossier traitéiert huet.

Invité vun der Redaktioun: Guy Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.