En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Aktuell gëtt et hei am Land eng Baukris a gläichzäiteg nach ëmmer d'Logementskris. Dat sot den CSV-Deputéieren a Walfer Schäffen Alex Donnersbach. Et hätt een e Problem an der Demande an an der Offer. D’CSV-DP Regierung wëll dowéinst d’Kafkraaft vun de Leit stäerken, den Invest nees ukuerbelen, mee awer och d’Roll vum Staat weider stäerken, huet den Alex Donnersbach erkläert.

Fir de Leit ze hëllefen, eng Wunneng ze kafen oder ze lounen, misst awer einfach méi gebaut ginn a méi séier. An dofir sollen d’Prozedure vereinfacht ginn a méi séier goen. Am Interview en Donneschdeg de Moien hu mer eis besonnesch dorobber konzentréiert.

Den Alex Donnersbach, selwer Affekot – spezialiséiert am administrative Beräich - a Schäffen zu Walfer, huet a Punkto Prozeduren dräi Punkte genannt: Éischtens misst am urbanistesche Beräich d’Zesummespill tëscht den allgemenge Bebauungspläng (PAG) an de spezielle Bebauungspläng (PAP) verbessert ginn.

Zweetens misst een um Niveau vun de Besëtzverhältnisser sech d’Moyene ginn, fir Terrainen zesummenzebréngen. D’Beispill vum grousse Bauprojet op der Izeger Knupp géing weisen, datt ee Besëtzer vun engem Terrain e Projet ëm Jore kéint an d’Längt zéien. Dofir misst de Gesetzprojet iwwert de Remembrement ministériel, deen déi lescht Regierung schonn op den Instanzewee bruecht huet, an Ugrëff geholl ginn.

Drëttens missten d’Prozeduren am Beräich vum Naturschutz iwwerschafft ginn. Den Alex Donnersbach huet rëm d’Beispill vun der Izeger Knupp geholl, wou och eng "Haselmaus" fonnt gi wier. Déi hätt du missen ëmgesidelt ginn, wat nees dem Projet Jore kascht hätt.

D’CSV an DP wëlle jo dann och de Prinzip vum "Silence vaut accord" generaliséieren a bei Avisen am Virfeld vu Baugeneemegungen aféieren. Hei huet den CSV-Deputéierten awer relativiséiert: Et wier net virgesinn, de Silence vaut accord "iwwerall" z’applizéieren.

Hien ass iwweregens och nach President vun der CSJ, de Jonken an der CSV. Hie sot awer, datt am Mäerz e Kongress vun der CSJ en neie President oder eng nei Presidentin wielt an hie géing sech net méi opstellen.

Invité vun der Redaktioun: Alex Donnersbach

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.