E Freideg de Moie war d'Ekonomie zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Kompetitivitéit vun de Betriber erëm eropsetzen: dat wier säin Haaptzil, sou de Wirtschaftsminister Lex Delles. A fir dat konkret z’erreechen, huet hie virun allem d’administrativ Vereinfachung genannt an en attraktive Standuert, fir weider Talenter unzezéien. Dës Regierung steet zum wirtschaftleche Wuesstem, deen de Sozialsystem bräicht. Mee et bleift dobäi: net egal wéi ee Wuesstem. D’Croissance soll weider sozial an ekologesch sinn. Déi "sozial Acquisen" sinn dem Lex Delles no zwar "ganz staark", mee sollen "erhalen" oder souguer "ausgebaut" kënne ginn. Dofir misst d’Ekonomie awer dréinen an dofir missten d’Betriber e gudde Kader kréien a kompetitiv sinn. An ee Kompetitivitéitsfacteur, dat wier dem neie Wirtschaftsminister no d’Dekarboniséierung vun de Betriber.

E grousse Problem fir d’Kompetitivitéit si fir de Lex Delles d’administrativ Prozeduren, déi d'Betriber just géinge kaschten an net zur Produktivitéit géinge bäidroen. Hien a säi Ministère wëllen dowéinst d'Simplificatioun "schnellstméiglechst" virubréngen. E Problem wier och d’Disponibilitéit vun Terrainen. Hei géing séier eng Bestandsopnam gemaach ginn a gekuckt ginn, wéi eng Zonen, déi et scho ginn, kéinten densifiéiert ginn. Betriber brauchen dann och Leit, Talenter. Net just am High-Tech Beräich, mee och am Handwierk. Mam "Haut comité vun den Talenter", deen d’Regierung wëll an d’Liewe ruffen, sollen all d’Voleten vun der Talent attraction op de Leescht geholl ginn: d’Finanzen, d’Educatioun oder nach de Logement.

Iwwerdeems d’Finanzplaz d’Haaptstandbee vun der Lëtzebuerger Ekonomie bleift, waren dem Lex Delles seng Virgänger déi lescht Joerzéngte mat der Diversifikatioun beschäftegt. Déi fréier LSAP-Wirtschaftsministeren Etienne Schneider a Jeannot Krecké haten de Spacemining probéiert, de Logistiksecteur entwéckelt oder nach de Pavillon maritime ausgebaut. De Lex Delles wëll näischt Neies aus dem Hutt zauberen. D’Prioritéite bleiwen d’Technologien am Gesondheetsberäich, den Transport oder nach de Spacesecteur. Nei oder nach méi setzt den neie Wirtschaftsminister op d'kënschtlech Intelligenz an Data. E gudde Kader fir dee Secteur wier dem Lex Delles no zum Beispill d'Reseauen, Datenzenteren, e Supercomputer, d’Cybersécherheet oder nach d’Energie. À propos: baut Google dann elo en Datazenter zu Biissen oder net? Hie kéint näischt dozou soen, mee wéilt Kontakt mat der Online-Firma sichen, fir esou séier ewéi méiglech "kloer Äntwerten" ze kréien.

Reorganisatioun am Forum Royal

De Lex Delles ass och Mëttelstands- an Tourismusminister. Op d’Fro, firwat den Tourismus mam Eric Thill en delegéierte Minister gebraucht huet, huet de Lex Delles geäntwert, datt fir den Tourismus e Minister vill um Terrain misst sinn. Fir DP-President ze bleiwen, hätt hien iwwerdeems Zäit, well hie jo zum Beispill mam Carole Hartmann eng Generalsekretärin op senger Säit huet fir d’Partei ze leeden.

Am Wirtschaftsministère géing et da wuel e puer Reorganisatioune ginn, fir seng Akzenter ze setzen, esou de Lex Delles. Grouss personell Ännerunge géing et awer net ginn, well de Ministère a sengen Aen aktuell gutt opgestallt wier.

Invité vun der Redaktioun: Lex Delles

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.