"D’Zil ass, dass déi aggressiv Mendicitéit net méi do wier"
En Donneschdeg de Moie war d'Ëmsetzung vum Heescheverbuet d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et wier un der Police, vu Fall zu Fall ze tranchéieren, ob et sech ëm organiséiert Banden oder Eenzelpersounen handelt, déi heeschen. Dat präziséiert de Maurice Bauer, éischte Stater Schäffen en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro Den CSV-Politiker huet an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" erkläert, wéi d'Heescheverbuet an der Stad konkret soll ëmgesat ginn. Et wier ee bis ewell och an engem ganz gudden Echange mat der Police. Zwou Entrevuen hätt ee bis ewell gehat, elo géif d'Police intern kucken, wéi si sech genee opstellt. Ma de Maurice Bauer huet sech awer zouversiichtlech gewisen, dass all d'Beamten no beschtem Wëssen a Gewësse géing tranchéieren.
Aktuell gëllt eng Informatiounscampagne, bei där d'Sans-Abrise vun de Sozialaarbechter ugeschwat an informéiert ginn. Ma vu Mëtt Januar u solle Leit, déi op gewësse Plazen an zu gewëssen Auerzäiten no Sue froen, protokolléiert ginn. De Maurice Bauer huet nach emol betount, dass ebe wierklech just déi organiséiert Banden an déi aggressiv Heescherte viséiert wieren. Net déi Leit, déi roueg do sëtzen.
Et wär net déi flottsten Decisioun gewiescht, mee et wär een "iwwerhäuft" gi mat Plainte wéinst den aggressiven Heescherten. Et géing och ëm de Message goen. Dem Maurice Bauer no géing een elo scho manner organiséiert Bande gesinn.
Doriwwer eraus huet den CSV-Politiker ënnerstrach, dass d’Stad Lëtzebuerg eng ganz grouss sozial Offer hätt, fir déi Äermst vun den Aarmen ze ënnerstëtzen. Dat si 44 Milliounen Euro d’Joer.
Den éischte Schäffe wéisst, dass d’Strofen fir een, deen net vill huet, schwéier opzedreiwe wieren. Ma d'Hoffnung ass, dass et guer net zu de Protokoller kënnt.
Op d'Fro, wat de Maurice Bauer virun den nächste Gemengewalen als Bilan géing presentéieren, sot hien, dass dat ganz kloert Zil wier, "dass mer eigentlech eng Situatioun hunn, wou dat Phänomen vun der aggressiver Mendicitéit net méi do wier". Da kéinten all d'Moyenen op déi Leit limitéiert ginn, esou nach de Maurice Bauer, déi wierklech an der Nout sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.