E Freideg de Moie war d'Zukunft vum Wunnen an Akafen an der Minettmetropol d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Christian Weis

Eng ganz Rëtsch Acteure sinn um Site vum Benu-Village zu Esch interesséiert. Wéi et weidergeet, kéint hien elo awer nach net soen, esou den Escher Buergermeeschter Christian Weis am RTL-Interview. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Iwwer d’Feier an d’Brandursaach kéint hien näischt weider soen. D’Feier wär elo aus an d'Enquête ass am Gaangen.

De ganze Site wär elo an der Liquidatioun. Et misst ee mat der Liquidatrice kucken, wat méiglech wär. De Christian Weis kéint sech och e puer Acteuren um Benu-Site virstellen. Sécher wär awer, datt de Projet eng nächste Kéier ganz anescht misst geréiert ginn. Esou eng Aventure, wou Milliounen investéiert ginn an et schif ausgeet, dierft et net méi ginn. Dat kéint een dem Steierzueler och net nach emol undoen, dass mat ëffentleche Gelder esou ëmgaange gëtt, huet de Christian Weis betount.

De Site vum Benu-Village läit aktuell wuel net ganz zentral, ma duerch den neie Quartier Rout Lëns, géing mat deem Site e gudde Lien Richtung Zentrum gemaach ginn.

Aktuell sinn eng ganz Rei grouss Wunnprojete geplangt, fir d'Attraktivitéit vun der Stad am Minett ze stäerken. Esch huet 360 Sozialwunnengen. 60 dovunner wären an der Renovatioun. Déi misste sou séier wéi méiglech nees op de Marché kommen. Weider Sozialwunnenge sollen och bäikommen, 299 si Mol op der Rouder Lëns geplangt.

Op jidder Fall wier et wichteg, déi sozial Mixitéit an de Quartiere bäizebehalen. D'Gemeng setzt och grousse Wäert dorop, dass trotz Präisdeierecht an Zënshaussen d'Haiser an d'Wunnenge kënnen ënner d'Leit bruecht ginn. An den nächste sechs Joer soll de Bestand u Wunnengen a Gemengenhand quasi verduebelt ginn, esou den Escher Buergermeeschter. De Christian Weis huet präziséiert, dass dann och de Service, dee sech ëm d'Gestioun bekëmmert, soll ausgebaut ginn. Notamment sollen déi administrativ Demarchë méi zentraliséiert ginn.

D’Uelzechtstrooss, déi gréissten Akafsstrooss am Land, war och en Thema am Interview. Do si vill Geschäfter eidel. Esch hätt deen nämmlechte Problem wéi och aner Stied. Et dierft ee villäicht net méi d’Uelzechtstrooss als reng Akafsstrooss gesinn. D’Verhale vun de Leit hätt sech jo och geännert. Et misst eng Plaz si vun engem gudden Zesummeliewen a wou ee sech begéint.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.