Steierklassen ofschafen an individuell besteieren
En Dënschdeg de Moie waren d'politesch Prioritéiten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Gerechtegkeet ass fir d'Piraten d'Haaptthema fir dëst neit Joer 2024. Dat sot den Deputéierte Marc Goergen um Dënschdeg de Moien als Invité vun der Redaktioun.
Obwuel d'Pirate mat enger ganzer Rei Mesuren averstane sinn, sollt punkto Gerechtegkeet onbedéngt dofir gesuergt ginn, dass déi Aarm net nach méi aarm ginn an déi Räich net nach méi kréien.
De Marc Goergen warnt an deem Kader, dass verschidde Mesurë fir Leit, déi elo scho finanziellen Drock hunn, nach méi Problemer maache kéinten. An der Logementspolitik géif zum Beispill näischt fir Locataire gemaach ginn, kritiséiert den Deputéierten. Héich Loyere ginn nach weider an d'Luucht, virun allem bei Haiser.
D'Pirate fuerderen, dass een nëmme vum steierleche Virdeeler fir den Invest an de Steen, dem Amortissement accéléré, profitéiere kann, wann een e Loyer freet, deen op oder ënnert der Moyenne läit. Mä net driwwer.
De Marc Goergen huet sech staark gemaach fir eng grouss Steierreform: Steierklassen ofschafen an individuell besteieren. Millionären a Multinationalle misste méi Steiere bezuelen, och wann de Pirat net domat rechent, dass dës Regierung esou Mesuren ergräift.
D'Ëmweltpolitik vun CSV an DP wär iwwerdeems kontradiktoresch.
D'Aart a Weis, wéi den neie Premier de Regierungsprogramm am Neijoerschinterview op der Tëlee virgestallt huet, huet de Marc Goergen als erfrëschend a positiv beschriwwen. D'Pirate wäre mat villem, awer bei wäitem net mat all de Mesuren averstanen, déi CSV an DP virhuele wëllen.
En Vue vun den Europawalen dëst Joer huet de Marc Goergen betount, dass déi 3 Deputéiert vun de Pirate Clement, Polidori an eben hie selwer net wäerten dofir kandidéieren. Enn Januar wëll ee mat de Pirate-Politiker aus den anere Länner zesumme kommen an eng Ekipp op d'Been stellen. D'Europapolitik sollt méi direkt fonctionéieren an d'Leit solle méi Matsproocherecht kréien.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.