Situatioun am Noen Osten sollt méi schaarf verurteelt ginn
E Mëttwoch de Moie waren d'Erwaardunge fir 2024 Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Situatioun um Logementsmarché wäert sech mat CSV an DP net verbesseren. Dat seet den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk. Hie war de Mëttwoch de Moien Invité bei eis am Studio. Steierlech Avantagen, fir nees Driff an de Bau ze bréngen, wären u sech Steierkaddoe fir déi grouss Promoteuren.
Hir Margë géifen eropgoen, dem Staat géife Sue feelen an d'Logementer géifen net méi bëlleg ginn, esou den David Wagner. Den Oppositiounspolitiker gleeft net dorun, dass méi Offer de Präis um Logementsmarché ka reguléieren, esou wéi de Premier Luc Frieden am Neijoerschinterview argumentéiert huet.
Hefteg Kritik un der Situatioun am Noen Osten
Et wier net akzeptabel, dass déi nei Regierung sech neutral a Punkto Noen Osten géif positionéieren.
Fir de lénke Politiker ass kloer: Israel géif sech net méi verdeedegen, mä e ganzt Vollek massakréieren. 20 bis 30.000 Doudeger géif et aktuell schonn an der Gazasträif ginn. Den David Wagner kritiséiert, dass de Luc Frieden deen "Massaker" net méi kloer verurteele géif. Ëmmerhin huet Südafrika eng Plainte gemaach wéinst Genozid, gëtt den David Wagner ze bedenken.
D'Lëtzebuerger Regierung misst sech méi engagéiert fir e Cessez-le-Feu asetzen. Op dësem Punkt wier d'Regierung net kloer, ëmmerhin huet Lëtzebuerg rezent an der UN-Vollversammlung fir e Waffestëllstand gestëmmt.
Klimawandel soll méi eescht geholl ginn
Dem David Wagner no hëlt d'Regierung Frieden de Klimawandel op déi liicht Schëller. Et wär net kloer, fir wat fir eng Klimapolitik CSV an DP stinn. Just op modern Technologie ze setzen, geet deene Lénken op alle Fall net duer. Dem Deputéierten David Wagner no misst och Lëtzebuerg de Produktiouns- a Consommatiounssystem changéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.