E Freideg de Moie war d'Chamber d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Als Chamberpresident huet de Claude Wiseler sech Verschiddenes virgeholl. E Freideg de Moien huet hien am Interview betount, et géif drëms goen, de richtegen Toun ze fanne fir d'Chamber ze vertrieden. Och d'Oppositioun. Als President muss hien och d'Sessiounen an der Plenière vun der Chamber leeden. Senger Meenung no misst d'Chamber nees méi an de Mëttelpunkt vun der politescher Diskussioun réckelen an déi Themen uschwätzen, déi d'Leit beschäftegen. Et wier och wichteg, dass d'Leit rëm gären nolauschteren.

Dofir misst een de Fonctionnement um Krautmaart iwwerdenken, andeems een zum Beispill d'Riedenzäite kierzt, bis op d'Hallschent vu bis elo. Do géif et och an der Chamber e relativ grousse Konsens, Detailer wéi genee dat ëmgesat soll ginn, gëtt et awer nach net. Deskriptiv Riede sollen esou evitéiert ginn an d'technesch Detailer géifen op d'Kommissiounssëtzunge reduzéiert.

D'Deputéiert sollen esou direkt op de Punkt kommen an Argumenter liwweren.

Eng Fro an deem Kontex ass jo d'Riedenzäit vun de klenge Parteien, déi keng Fraktiounsstäerkt hunn, dat heescht manner wéi fënnef Deputéiert an der Chamber sëtzen hunn. Déi hunn aktuell schonn däitlech manner Riedenzäit wéi déi grouss Parteien. Dofir misst een oppassen, dass déi nach genuch Plaz hunn, fir hir Iddie virzedroen.

Ëffentlechkeet an Transparenz

Eng Sträitfro ass zanter laangem, d'Chamberkommissiounsëtzungen ëffentlech ze maachen. Aktuell gëtt iwwert déi Sëtzungen zwar e Protokoll verëffentlecht, allerdéngs sinn d'Sëtzunge selwer am huis clos. De Chamberpresident plädéiert weiderhin dofir, déi ëffentlech ze maachen. Wéi genee dat ausgesi soll, wier nach ze diskutéieren. Zwar géing hien d'Angscht verstoen, dass doduerch déi wierklech Diskussioune sech an d'Fraktioune verlageren, ma nawell géif et dee Modell vun den ëffentleche Sëtzunge jo schonn am Ausland a géif do gutt klappen.

Den Transparenzkrittär gëllt jo och fir d'Deputéiert, déi eng sougenannten Déclaration d'intérêts financiers ausfëlle mussen. Do solle si uginn, wéi si déi lescht dräi Joer virun hirem Mandat hir Sue verdéngt hunn an, ob si zum Beispill Parten an Entreprisen hunn, déi hir politesch Aarbecht beaflosse kéinten. Ob d'Fro, ob a wéi d'Richtegkeet vun deenen Deklaratioune kontrolléiert géif, betount de Claude Wiseler, et géif kee Beamten dat iwwerpréiwen. Hie schwätzt den Deputéierten awer säi Vertrauen aus a betount, si géingen dat en âme et conscience ausfëllen. De Claude Wiseler geet net dovun aus, dass een Deputéierten do fuddele géif.

Invité vun der Redaktioun: Claude Wiseler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.