E Méindeg de Moie war déi offiziell Visitt an Israel d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Am Noost-Krich hunn déi zwou Säite Responsabilitéiten. Dat sot den neie Lëtzebuerger Ausseminister um Méindeg de Moien. De Xavier Bettel war eisen Invité vun der Redaktioun. Et wier schwéier ze erkläre wann Israel, 3 Méint no der Hamas-Attack, nach vu legitimmer Defense schwätzt. Et wier anerersäits awer och ze verstoen, datt Israel géint Terroristen a senger Noperschaft virgeet. D'autant plus, well d'Palästinenser-Autoritéiten d'Attentater vun der Hamas nach ëmmer net condamnéiert hätten.

Lëtzebuerg fuerdert virop eng Waffepaus

Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock huet wärend hirer Visitt an Israel fir méi Zréckhalung am Kampf géint d‘Hamas plädéiert. Där Fuerderung géing sech Lëtzebuerg per se awer net uschléissen. Et bräicht Retenue vu béide Säiten, sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat. An dofir misst een equilibréiert Léisungen fannen. De Grand-Duché fuerdert virop eng Waffepaus, fir dass humanitär Hëllef bei d'Zivilpopulatioun kann kommen.

Siidlungspolitik ass puer Provokatioun

De Xavier Bettel flitt um Méindeg den Owend an Israel an huet net just Reuniounen zu Tel Aviv a Jerusalem, mee och am Westjordanland zu Ramallah. Aktuell kënnt et do ëmmer nees zu Ausernanersetzungen tëscht Palästinenser a militanten Siidler. Déi israeelesch Siidlungspolitik misst gestoppt ginn.

 „Et ass jo puer Provokatioun. Ueleg op d‘Feier“, esou den Ausseminister. Et kéint net sinn, dass grad zu dësem Ament extrem radikal Israeelien géinge probéieren fir nei Siidlungen ze bauen.

Et kéint och net sinn, dass Fuerderungen opkommen, fir d‘Palästinenser aus der Gazasträif erauszehuelen. Dat wier hiren Territoire. Dofir géing d'Zwee-Staate-Léisung weiderhin déi eenzeg Léisung bleiwen, fir dass béid Säite kéinten a Fridde liewen, sou den Xavier Bettel.

Wat bréngt d'Visitt vun engem Lëtzebuerger Ausseminister bei esou engem Konflikt?

Et gëtt dacks ënnerschätzt. Diplomatie huet näischt mat der Gréisst vun engem Land ze dinn, erkläert de Xavier Bettel. Grouss Länner hätten dacks d'Tendenz fir Saachen z'imposéieren, wou méi kleng Länner kéinte Brécken bauen. Hie géing donieft och net just als Ausseminister an den Noen Osten fléien, mee och als Kooperatiounsminister, fir dass Lëtzebuerg weiderhi kann hëllefen. Zanter dem 7. Oktober huet de Grand-Duché iwwer 3,5 Milliounen Euro un Hëllefe fir d'Leit an der Gazasträif contribuéiert.

Gesäit den Xavier Bettel seng politesch Zukunft zu Bréissel?

Op e méiglechen Posten als EU-Rotspresident ugeschwat, sot de Xavier Bettel, et géif gutt doen, wann ee géif consideréiert ginn. Mee hien wier definitiv net Demandeur an net Kandidat fir iergendeen internationale Posten. Seng Prioritéit wier et fir zu Lëtzebuerg ze bleiwen an ze schaffen. E klenge "mä" vum Ausseminister gouf et dann awer. Wann eng institutionell Kris wier, wier dat eng aner Saach, sou de Xavier Bettel.

Punkto EU-Walen huet den DP-Politiker nach gesot, dass déi fréier liberal Europadeputéiert Monica Semedo definitiv net mat op der DP-Lëscht wier. Hie géing awer hoffen, dass de Charles Goerens nach eemol géing matgoen. Et géing net vill sou engagéiert Politiker wéi hie ginn, sou de Xavier Bettel.

Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.