En Dënschdeg de Moie waren d'Heescheverbuet an d'Klimapolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dat, wat beim Léon Gloden sengem Haus geschitt ass, ass absolut inacceptabel. Et ginn aner Weeër säin Desaccord mat engem Politiker ze weisen. Mee dem Minister seng Kritik um Kënschtler-Milieu wier och bedenklech. Grad d‘Artisten hätten eng speziell Ausdrocksfräiheet. Dat sot déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Si war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Et géing ganz vill Jurisprudenz ginn iwwer d'Fro, wéi wäit Konscht a Satire dierf goen, och Lëtzebuerger Jurisprudenz. Déi gréng Deputéiert hätt d'Gedicht vum Serge Tonnar doriwwer eraus awer ganz harmlos fonnt. Weder d'Gedicht, nach d'Fotomontage hätte si interpelléiert. Si hätt op alle Fall net déi Grenzwäertegkeet do erausgelies, déi de Minister erausgelies huet, sou d'Invitée.

Dass hien als Policeminister Detailer aus enger lafender Enquête ginn huet, nämlech dass Fangerofdréck séchergestallt goufen, doranner géing si direkt keng Infraktioun gesinn. Ob dat allerdéngs glécklech ass, wier eng aner Fro.

Vill oppe Froen ëm d'Heescheverbuet

Sujet war dann natierlech och den Heescheverbuet an der Stad, an do géingen et nach vill oppe Froen ginn. Notamment um juristesche Volet, ob d'Gemeng däerf esou e Verbuet iwwerhaapt decidéieren oder ob et misst e Gesetz ginn. A wéi et um Terrain konkret soll vun der Police ëmgesat ginn. Dofir hunn déi Gréng offiziell eng "Commissioun jointe" vun der Justizkommissioun an der Kommissioun fir Bannenzeg Sécherheet um Krautmaart ugefrot.

Heescheverbuet ass déi falsch Upak fir dëse Problem

Zum Politesche misst ee sech d‘Fro stellen, ob een an enger Gesellschaft wëll liewen, wou ee seet, dass een déi Aarm an déi, déi ëm Suen heeschen, op ëffentleche Plazen net wëll gesinn. "Dat kann net sinn", soen déi Gréng. Heeschen an ëm Hëllef froen, ass sou al wéi d'Mënschheet selwer. Et wier also déi falsch Upak fir e Problem. Donieft géing sech d‘Stad Lëtzebuerg schwéier di mat der Formulatioun. Si féieren een double language, sou d‘Sam Tanson. Engersäits soe se, et géing just drëm goen, fir déi organiséiert oder aggressiv Heescherei ze verbidden. Anerersäits géing den Text vum Reglement selwer, souwéi d‘Flyeren, déi verdeelt goufen, vun all Form vun Heescherei schwätzen.

Projet Comparution immédiate: Et ass e Schlachthof

Déi vun der neier Regierung geplangte Comparution immédiate war och e Sujet. Dat ass eng Mesure fir Kleng-Krimineller méi séier ze verurteelen. Hei weist sech d‘Politikerin vun Déi Gréng skeptesch. Si géing de System aus Frankräich kennen an "et ass e Schlachthof", sou d‘Sam Tanson. De Beschëllegte géing direkt dem Riichter virgefouert ginn an d'Audienze géinge bis spéit an d‘Nuecht eran daueren. Den Affekot hätt do keng Zäit den Dossier wierklech uerdentlech ze kucken. Eis Nopere wieren jo och net dofir bekannt, dass se kee Problem mat Kriminalitéit hätten. Deementspriechend misst ee sech d'Fro vun der Effikassitéit stellen.

D'Sam Tanson gëtt zou, dass ee bei der penaler Prozedur nach kéint acceleréieren, dorunner hätt een déi lescht Joren och geschafft, mee am Respekt vun de fundamentale Rechter vun de Leit. Dat heescht also och d‘Recht eng uerdentlech Defense ze preparéieren. Dat wier net méiglech, wann een den Dag selwer schonn engem Riichter virgefouert gëtt. Déi gréng Politikerin géing ofwaarden, mat wéi enger Propos déi nei Justizministesch géing kommen a si wier och gespaant, ob den Avis vun de Magistraten, sou d'Sam Tanson.

Invité vun der Redaktioun: Sam Tanson

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.