E Freideg de Moien war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Um Wunnengsmaart gëtt aktuell vill manner kaf a verkaf an eng Konsequenz dovunner ass, datt d’Loyeren explodéieren. Trotzdeem si bei der ëffentlecher Société nationale des habitations à bon marché am Moment keng Schlaange vu Leit, sou den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer, e Freideg de Moien hei op RTL. Allerdéngs wier d’Demande fir Locatiounswunnenge ganz grouss.

Invité vun der Redaktioun: Guy Entringer

D’SNHBM huet elo decidéiert, datt bei alle Projeten op d’mannst 40 Prozent vun de Wunnengen an d’Locatioun ginn. De Guy Entringer ass awer der Meenung, datt d’Leit och weiderhi solle kënnen abordabel Wunnenge kafen. A sengen Ae kéinte Keefer vun ëffentleche Wunnengen iwweregens och net méi spekuléieren ewéi fréier, och wa se awer nach de Bauindex an den Amortissement kéinten applizéieren. Vun dohier huet de Guy Entringer d’Leit opgeruff, hir Demandë fir ze kafen anzeschécken.

D’SNHBM wëll awer virun allem méi bauen. Zil wier aktuell 300 Wunnenge pro Joer, wat d’lescht Joer awer net gelonge wier. Bis 2026 wëll d’ëffentlech Societéit trotzdeem op 400 kommen. Ma et feelt un Terrainen, esou de Guy Entringer. D’SNHBM hätt elo nach eng Reserve fir 3.000 Wunnengen, wat fir 7 Joer géing duergoen. De Guy Entringer huet d’Politik – Regierung a Gemengen – gefrot: wou soll an Zukunft gebaut ginn?

D’Stad Lëtzebuerg ass den zweetgréisste Besëtzer vu Bauland an huet déi meescht Aarbechtsplazen: Wéi wier da Mol op deenen Terrainen? Den Direkter vun der SNHBM sot, et géing Projete mat der Stad ginn. Fir de Rescht géing d’Gemeng hir Partner aussichen a verschidde Projete géingen do villäicht méi laang daueren.

Fir datt d’Präisser bezuelbar ginn, wier fundamental, datt méi dicht gebaut gëtt. Wann ee méi dicht kéint bauen, da kéint een och méi bëlleg bauen an dat géing een dann am Präis erëmfannen. Aktuell ass dat dacks net de Fall an de Guy Entringer sot, dat géing vun de Gemengen a vu verschiddene Ministèren ofhänken. Et géing do Hürde ginn. Den Direkter vun der SNHBM huet erkläert: "Déi Stäck dotëscht, déi kaschte bal näischt."

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.