E Mëttwoch de Moie waren d'Europäesch Walen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Christophe Hansen wëll EU-Kommissär ginn a war e Mëttwochmoien eisen Invité vun der Redaktioun.

Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen

De Luc Frieden hätt hie wärend de Koalitiounsverhandlunge gefrot, fir den nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär ze ginn, an dat hätt hie gäre ugeholl. Elo stéingen awer fir d'éischt emol d'Walen un.
 
Do stéing d'CSV kloer zum "Green Deal". Dee misst awer weider gestallt ginn, dass en och realistesch ëmsetzbar wier. Dofir wier och déi europäesch Industrie gefuerdert, fir mat op dee Wee ze goen.
Et géif kee Sënn maachen, déi néideg Installatiounen, wéi zum Beispill Photo-Voltaïk oder Elektro-Chips, aus China oder aneren asiatesche Länner ze importéieren. Et misst ee selwer hei an Europa produzéieren, och fir sech méi energie-onofhängeg ze maachen.
Bei der erneierbarer Energie misst ee sech an den nächsten 10 Joer an der Capacitéit verduebelen.
 
Bei der Defense wier et prioritär, dass d'Ukrain weiderhi genuch Verdeedegungsmaterial zur Verfügung huet. Et géif nach ëmmer ze laang daueren, bis alles op der Plaz ukéim.
 
Bei aussepolitesche Froe misst den europäeschen Unanimitéitsprinzip och ofgeschaaft ginn. Anescht wéi bei Steier-Froen, wou dëse sollt bäibehale ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.