Nei Kollektivvertragsverhandlungen: D'Gewerkschafte musse raisonnabel bleiwen
E Méindeg de Moie war d'Luxair an de Fluchverkéier Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Luxair huet d'lescht Joer hiren eegene Rekord pre-Pandemie vun 2019 gebrach an iwwer 2,5 Millioune Passagéier transportéiert. Dorop wier hien houfreg, esou de Gilles Feith. De Generaldirekter vun der Luxair war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Leit hunn nees hir Confiance erëmfonnt a reese gären. Allerdéngs hu sech d'Business-Reesen nach net ganz erkritt. Verschidde Firme géinge méi reese wéi virdrun, anerer dogéint vill manner. D‘Luxair S.A. géing och elo nees schwaarz Zuele schreiwen an et géing een op e klenge Benefice hoffen, sou den Invité.
Wou sinn d'Limitte vum Wuesstem?
D'Luxair wiisst also weider. Am Dezember hätt ee 50 Prozent méi Leit transportéiert wéi nach 2019. Ëmmer méi Leit aus der Groussregioun géingen op d‘Luxair zeréckgräifen an dofir wiere mëttlerweil och 34 Prozent vun all de Cliente bei Luxair Tours aus Frankräich. Mee an Zäite vu Klimawandel stellt sech d‘Fro: Wéini ass Schluss mam Wuesstem? Aktuell huet d'Luxair 21 Fligeren an et wéilt een nach weiderer kafen. Doduerch géingen d'fix Käschten net klammen, mee trotzdeem weider Recetten erakommen. Et misst een donieft och eng gutt Offer hunn, fir der Demande gerecht ze ginn. De Gilles Feith geet dovunner aus, dass dann awer bei maximal 30 Fligere Schluss wier. Et wéilt een och net weider u Market Share um Flughafe verléieren. Den Trend hätt een déi lescht 2 Jore gestoppt. Et wéilt ee bei 50 Prozent bleiwen.
Kuerzstrecke-Flich fir Lëtzebuerg annuléieren, ass keng Optioun
Fir d‘Olympesch Spiller wäert d‘Luxair net méi dacks op Paräis fléien, wéi soss. 90 Prozent vun de Leit géingen och net mat der Luxair fléien, fir op Paräis ze kommen, mee fir vun do aus weider ze fléien. Punkto europäescht Verbuet fir Kuerzstreckeflich fënnt de Gilles Feith, datt dëst grad fir de Grand-Duché eng schlecht Iddi wier. All déi kuerz Strecken, nämlech op Amsterdam, op Frankfurt, op Paräis oder op München, géinge benotzt ginn, fir duerno weider ze fléien. Wann een déi géing sträichen, wier Lëtzebuerg op eemol net méi mat der Welt connectéiert.
Firwat wollt d'Luxair de Cargo-Handling net méi ?
D'lescht Joer hat d'Luxair decidéiert, fir sech net méi un der Ausschreiwung ze bedeelege fir de Cargo-Handling um Findel ze geréieren. Dofir ginn et verschidde Grënn. Am Cargo-Beräich wiere Perten entstanen, 2-3 Milliounen Euro zejoert, an déi misst een elo mol verdauen. Donieft wier et een Ëmfeld mat vill Konkurrenz an de ganze Cargozenter misst renovéiert ginn. Den Direkter rechent do mat Investitiounen an Héicht vun 300 Milliounen Euro. Déi misst een da jo nees iergendwou erakréien an d‘Luxair hätt och misse Suen an d‘Flott stiechen. Béides wier einfach net ze stemme gewiescht.
D'Gewerkschafte musse raisonnabel bleiwen
2024 stinn nei Kollektivvertragsverhandlungen um Programm vun der Luxair, wou den Ament ronn 3.000 Salariéen ugestallt sinn. An de Joren 2025-2026 wäerten et der nach 2.000 sinn. Mat Bléck op d‘Gewerkschaften, sot de Gilles Feith, dass ee grad elo misst raisonnabel bleiwen. Et wéilt een de Modell Luxair erhalen a weiderhi fir d‘Personal de beschte Sozialmodell bidden , vun all Fliger den zu Lëtzebuerg lant. Gläichzäiteg dierften d‘Ticketspräisser net nach weider an d‘Luucht goen. Donieft dierf een net vergiessen, dass d'Luxair duerch den Index zejoert scho 7,5 Prozent méi Paie bezuelt hätt an och dëst Joer géing dat weidergoen. Et misst een och d‘Rentabilitéit kucken an dofir missten d‘Gewerkschaften hir Erwaardungen un d‘Realitéit upassen, sou de Gilles Feith.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.