En Donneschdeg de Moie war d'Heescheverbuet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Droit wier keng Science exakte. Den Droit géif Plaz fir Interpretatiounsspillraum an Interpretatiounsdivergenzen loossen, wann e Gesetz net ganz kloer wier. Dat sot d'Elisabeth Margue en Donnescheg de Moien a punkto Heescheverbuet um RTL-Mikro. Zanter 2008 géing et eng Rechtsonsécherheet ginn, well een Alinéa viséiert wär, den et net géing ginn. Dofir misst ee sech d‘Fro vun der Intentioun stellen an et wier deemools net d‘Intentioun vum Legislateur gewiescht, fir d‘Verbuet vun der einfacher Heescherei aus dem Code pénal ze sträichen. An effektiv géingen d‘Geriichter consideréieren, dass et ofgeschaaft ginn wier.

"Mäin Role ass elo net ze jugéieren, ob et dra steet oder net, mee meng Fro, déi sech fir mech stellt ass, wat maachen ech elo domadder, klarifizéieren ech dee Punkt? Maachen ech e Gesetz, fir dee Feeler, deen do deemools ënnerlaf ass, ze rektifizéieren oder net?", sou d‘Invitée. Et bräicht eng méi global Reform vum Code pénal. Dëse wier vun 1809 a vill Dispositiounen doranner, wéi zum Beispill de Verbuet vun Dueller oder vun Wahrsagerei, wieren vereelt. Si géing dës Reform an de nächste 5 Joer entaméieren, mee et wier elo Mol net direkt eng Prioritéit, erkläert d'Ministesch.

Et ass dat falscht Instrument, fir déi organiséiert Heescherei ze bekämpfen. Dat sot den Procureur Oswald e Mëttwoch zum Heescheverbuet. Mam Code pénal gëtt et awer schonn d‘Méiglechkeet, dat ze poursuivéieren, allerdéngs bräicht een aner Moyenen:  Zum Beispill d‘Méiglechkeet vum Oflauschteren fir d‘Hannerleit z‘iwwerféieren, sou den Procureur. Ass d‘Ministesch gewëllt déi néideg Moyenen zur Verfügung ze stellen? De Sujet géing aktuell op europäeschem Niveau diskutéiert ginn, wou och eng ganz Rei Gesetzesinitiativen ënnerwee wieren, dorop géing si hoffen an dës och notzen, sou d‘Invitée.

Prozedure beim Parquet mussen acceleréiert ginn

Prozeduren an Delaien missten op de Leescht geholl ginn, dem ass sech déi nei Justizministesch bewosst. Zum Beispill kéint een op de Wee goen a just ee Riichter hunn, amplaz vun 3, déi mussen siegéieren, op d‘mannst an éischter Instanz. Dat wier een Element, dat d‘Magistratur selwer an d'Spill bruecht hätt, erkläert d'Elisabeth Margue. Donieft huet d‘CSV jo d‘Comparution immédiate an d‘Spill bruecht. Dat eleng géing de Problem awer och net léisen, ass sech d‘Invitée bewosst. Doduerch kéint een awer verschidden Affäre méi séier evakuéieren. Natierlech misst een awer kucken, dass den Droit de la défense respektéiert gëtt an den Prévenu muss d‘accord sinn, fir séier virun de Riichter ze kommen. Doduerch kéinte si jo och méi séier nees fräikommen.

200 nei Riichter a 5 Joer

Um Neijoerschpatt vun der Justiz hat d‘Ministesch ugekënnegt, iwwer déi nächst 5 Joer 200 nei Riichter wëllen anzestellen. Aktuell ginn et der 227. Do stellt sech d‘Fro, wou dës sollen hierkommen. Dat wier net evident, gëtt d‘CSV-Politikerin zou, mee et wéilt een dat mat engem  Passerelle-System versichen. Wann ee 5-10 Joer an engem anere Beruff geschafft huet, kéint een dann eriwwer wiesselen an d'Magistratur. Et misst een dann och kucken, ob een de Cercle vu Leit, déi fir d'Magistratur a Fro kéimen, méi breet kéint opstellen.

Jugendschutz- a Jugendstrofrecht sollen dëst Joer gestëmmt ginn

Déi 3 Projeten an dem Beräich, 2 vun der Justiz an 1 an der Educatioun, géingen op engem Konsens baséieren an et wiere scho laang Diskussioune gewiescht.  Et wier ee sech iwwer d‘Grondprinzipien eens. Elo misst ee just nach d‘Oppositions formelles vum Staatsrot aus dem Wee raumen, mee si wier awer optimistesch, dass een déi 3 Projeten dëst Joer nach kéint stëmmen, sou d'Justizministesch.

Invité vun der Redaktioun: Elisabeth Margue

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.