E Méindeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Thema Europawalen.

Den CSV-Deputéierte Christophe Hansen geet mat op d'Europalëscht vun der CSV a mécht sech als designéierten nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär och keng Suergen iwwert eng méiglech Konkurrenz vum Nicolas Schmit. Dat sot den CSV-Politiker aus dem Norden e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

"Ech maache mer keng Suergen"

Et suergt nawell fir Spekulatiounen, dass déi europäesch Sozialisten den aktuelle Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit zu hirem europawäiten Spëtzekandidat gemaach hunn. Wann d'Sozialisten am Juni nämlech e gudde Score maachen, kéinte si de Poste vum EU-Kommissiounspresident revendiquéieren. Dem Christophe Hansen mécht dat keng Suergen. De System vum europawäite Spëtzekandidat wier net an engem Traité festgeschriwwen an et hätt een 2019 gesinn, dass et net onbedéngt esou wier, dass de Spëtzekandidat duerno och President gëtt.
[De Manfred Weber war 2019 EVP-Spëtzekandidat an d‘EVP war déi stäerkst Fraktioun. Trotzdeem gouf d‘Ursula von der Leyen Presidentin a si stoung mol net op der EVP-Lëscht.ndlr]

De Christophe Hansen mengt och net, dass d'Sozialisten déi stäerkste Partei gi bei den Europawalen. Den Nicolas Schmit hätt selwer och schonn an engem Interview gesot, dass hie géing domat rechnen, dass si déi zweetstäerkst Kraaft bleiwen. An deemno géinge seng Chancë fir President ze ginn och extrem schlecht stoen. Den CSV-Politiker géing awer respektéieren, dass den Nicolas Schmit fir seng Fraktioun de Kapp hinhält, well d'Course wier zimmlech aussiichtslos.

CSV-Lëscht fir  d'Europawalen

Zu senger Kandidatur op der CSV-Europalëscht sot de Christophe Hansen, dass hie virun e puer Méint nach ganz kloer "Nee" gesot hätt, mee d‘Situatioun hätt sech geännert. Hie wier jo vun der CSV an der DP nominéiert ginn a wier der nämmlechter Meenung wéi den Nicolas Schmit 2019 an engem Interview, nämlech dass ee sech als Kommissär och misst de Wieler stellen, fir eng Legitimitéit ze hunn. Den Objektiv wier et natierlech och, fir déi Kéier hiren 3. Sëtz zeréck ze gewannen, mee dat wier extrem schwéier. De System wier volatil an duerch déi vill Parteien, déi warscheinlech matmaachen, och ganz imprevisibel.

D'EU ass nach ëmmer ze schwéierfälleg

Punkto Ressorte géingen et vill Sujete ginn, déi hien interesséieren. Notamment d‘Ëmwelt, d‘Energie, d‘Landwirtschaft an den Marché intérieur. Mee d'Ursula von der Leyen hätt an hirer Ried zur Lag vun der Unioun och dovunner geschwat, fir 25 Prozent vum administrativen Opwand ofzebauen. Do géingen et Iwwerleeungen ginn, fir en neie Portefeuille opzemaachen, dee sech dann spezifesch ëm kleng a mëttelstänneg Betriber këmmert. Och dat géing hien interesséieren.

Ganz allgemeng huet de fréieren Europadeputéierten och kritiséiert, datt d'EU nach ëmmer ze schwéierfälleg wier, ënnert anerem och an Aussepolitik wéinst der Unanimitéit.

"Déi Unanimitéit an der Aussepolitik mécht eis lues a mécht eis ze lues, fir op richteg Krisen ze reagéieren,“ sou de Christophe Hansen.

D'EU géif esou schwaach wierken op der geopolitescher Bün. Do misst een also usetzen, mee natierlech misst een dofir ee Changement vun den Traitéen virgesinn an dat wier net esou einfach.

Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.