E Freideg de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ech kann net novollzéien, dass ee mat Piff op Regierungsgebaier sprëtzt, mee ech verstinn hir Roserei. Dat sot d'Lëtzebuerger Landwirtschaftsministesch zu de Bauereprotester a Frankräich an an Däitschland. D'Martine Hansen war eis Invitée vun der Redaktioun. Virop wieren nei Reglementer an Oplagen de Baueren een Dar am A an da géingen an deene Länner och nach hir Primme gekierzt ginn, wärend méi bëlleg Liewensmëttel aus anere Länner importéiert ginn, wou et keng Oplage gëtt. Do wier d'Onzefriddenheet ze verstoen. Zu Lëtzebuerg géingen op alle Fall d'Bäihëllefen all bäibehale ginn, präziséiert d‘Ministesch. Méi prekär wier d‘Situatioun jo am Schwéngssecteur. De Secteur ass defizitär. De gréissten Deel vum Schwéngefleesch géing importéiert ginn an donieft hätte 6 Betriber zejoert opgehalen. Do wier e strukturelle Problem. Nächst Woch géing mam Secteur diskutéiert ginn, fir ze kucken, wéi een de Bauere kéint hëllefen, erkläert d'Martine Hansen.

Vill EU-Reglementer si wäit vun der Realitéit fort

Grad vu Bréissel géinge vill Direktive kommen, mat deenen d‘Baueren ze kämpfen hätten. Rezent wier zum Beispill decidéiert ginn, dass all klengen Eeër-Produzent misst eng eege Verpackungsplaz um Betrib hunn. Dat wier e groussen administrativen Opwand. "A wat bréngt dat Ganzt?", freet sech d‘Invitée. Net vill, ausser Demotivatioun fir kleng Betriber. Och d'Ammoniakziler vu Bréissel wieren net realistesch ëmsetzbar. Lëtzebuerg hätt keng intensiv Véizuucht. Hei am Land géif et am Schnëtt eng Kou pro Hektar Land ginn. Dat wier net vill an trotzdeem misst een den Ammoniak ëm 22 Prozent erofsetzen. Dat wier wäit vun der Realitéit fort. Gläichzäiteg kéime vill Importer an d'EU vu Wueren, déi dës Normen net misste respektéieren. D'Martine Hansen géing natierlech versichen, sech an Zukunft op de Conseilen zu Bréissel zesumme mat anere fir d'Interête vu Lëtzebuerg staark ze maachen, mee et wier een ebe just ee Land vu villen.

Fuerderunge vun de Baueren

D‘Haaptuleies vu de  Bauere wier, dass se hir Aarbecht gäre valoriséiert geséichen. De Schluss zitt d‘Martine Hansen aus hiren leschten Entrevuë mat Bauerevertriedungen. Si wéilten och e richtege Dialog an dee géinge si a Form vum Landwirtschaftsdësch och kréien. Dee wëll déi nei Ministesch all 6 Méint mat de Baueren hunn, fir iwwer konkret Problemer ze diskutéieren. Zum Beispill Waasserschutzgebidder oder Bauen an der Gréngzon.

D'Prozedure musse vereinfacht ginn, dëst ass sech d‘Agrarministesch bewosst. De System tëscht 3 Ministèren (Energie, Ëmwelt a Landwirtschaft) ass schwéierfälleg. Si wéit dofir eng Zort Guichet unique schafen. Dorunner géing ee schaffen, mee dat wier net vun haut op muer ëmsetzbar.

Punkto Waasserversuergung misst een nach eng gutt Schëpp drop leeën. Nom Waasserdësch (2021, ndlr) wieren zwar 3 Pilot-Projeten zeréckbehalen ginn, mee konkret wier nach näischt do. Dat misst endlech un d'Rulle kommen. Si hätt och en Donneschdeg wärend enger Entrevue mam Ëmweltminister Wilmes festgehalen, dass een do sou séier wéi méiglech wéilt virukommen, sou d'Martine Hansen.

Invité vun der Redaktioun: Martine Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.