"Mir hunn e risege Retard bei de Sozialwunnengen"
En Dënschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
E gewëssen Deel vun der Populatioun huet um normale Wunnengsmarché keng Chance méi. Fréier hu Leit mat engem méi klengen Akommes nach eng Wunneng fonnt, mä haut wär dat net méi méiglech, sot en Dënschdeg de Moien de Gilles Hempel als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass den Direkter vun der “Fondation pour l’accès au logement”, déi op där enger Säit als AIS Sozialwunnenge verlount an als soziale Promoteur Abitatio och baut.
Tëscht 1.200 bis 1.300 Leit sinn op hirer Waardelëscht. Fir de Proprietär wier et interessant iwwert d’AIS ze verlounen, well de Loyer garantéiert wier. Et géif sech ëm alles gekëmmert ginn a 75% vum Loyer wär steierfräi. Déi nei Regierung wéilt dat op 90% héijen. Et géif wierklech kee Grond méi ginn, seng Wunneng eidel stoen ze loossen.
De Gilles Hempel ass och optimistesch, datt déi nei Regierung d’Problemer ugeet. Mëttlerweil hätt jiddereen agesinn, datt et esou net kéint weider goen. Lëtzebuerg hätt enorm vill nozehuelen bei de Sozialwunnengen. Do hätt een e risege Retard. Aner Länner wäre bei 10-20%. Zu Wien géif bal all Zweete vun enger subventionéierte Wunneng profitéieren. Lëtzebuerg misst och 20% Sozialwunnengen upeilen.
Zanter 5 Joer ass d’Fondatioun als Promoteur amgaangen, fir Sozialwunnengen op der Schanz (Altréier) ze bauen. Et gouf enorme Widderstand vun engem Drëttel vun de Leit an deem klengen Duerf tëscht Jonglënster an Iechternach. No engem Urteel vum Verwaltungsgeriicht hunn elo awer d’Aarbechten ugefaange fir 4 Wunnengen: am Ufank waren der 12 geplangt.
Am Februar soll de Bagger kommen an an zwee Joer sollen d’Wunnenge fäerdeg sinn, hofft de Gilles Hempel.
An der Tëschenzäit hätt een op anere Plaze schonn eng 6-7 Projete mat iwwer 50 Wunnengen komplett duerchgezunn. Op anere Plazen wären nach eng Kéier 50 Wunnengen an der Planung. Sou e Widderstand wéi op der Schanz hätt een nach net erlieft. Eigentlech wär een ëmmer wëllkomm, well Sozialwunnenge géife gebraucht ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.