Et geet ëm d'Credibilitéit vun der EU
En Donneschdeg de Moie waren d'Europawalen an d'Erausfuerderunge fir d'Europäesch Unioun Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Charles Goerens war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Virum ausseruerdentlechen EU-Sommet, op deem d'Hëllefe fir d'Ukrain diskutéiert ginn, huet sech de Charles Goerens ganz kloer dofir ausgeschwat, dass onbedéngt zäitno eng Léisung muss fonnt ginn. Europa dierft d'Ukrain op kee Fall fale loossen. Ungarn blockéiert bis ewell d'Hëllefen, ma dat kënne sech déi aner Länner awer net weider gefale loossen. Eng unanime Léisung wier absolut wënschenswäert, sot den EU-Deputéierten. Hie géing hoffen, dass den ungaresche Ministerpresident Viktor Orbán sech iwwerzeege léisst. Anerefalls missten Traitéen eventuell ëmgeschriwwe ginn, dat wier immens zäitopwänneg. De Charles Goerens huet awer kloer gemaach, dass déi Europäesch Unioun sech net duerch ee Land dierf blockéiere loossen.
"2024 ass d'Joer vun alle Risiken"
Dëst Joer bezeechent den DP-Europadeputéierte generell als e Joer vun alle Geforen. Am November sinn d'Walen an den USA, a wann den Donald Trump do gewënnt, wier et gutt méiglech, dass d'USA d'Ukrain militäresch fale loossen.
Et misst ee sech bewosst sinn, dass de Wladimir Putin eng nei Welt-Uerdnung ustriewe géif. Et géif net just ëm d'Ukrain goen. Sollt Russland d'Ukrain bis emol dominéieren, wier d'Gefor fir NATO-Länner eminent.
"Mir brauchen eng Visioun, mir musse wëssen, wat mer wëllen. Nach eng Kéier, wa mer a 50 Joer kucken, wat mer deemools gemaach hunn, dann hoffen ech, datt mer net versoen an datt mer net do stinn, wéi déi leschten Trëllert virun der Geschicht."
"Wat an Däitschland passéiert, ass exemplaresch"
Dass an Däitschland esou vill Leit géint Rietsextremismus op d'Strooss ginn, huet de Charles Goerens als exemplaresch bezeechent. Esou eng Astellung bréicht et allgemeng an der Europäescher Unioun. De Charles Goerens hat sech an deem Kontext scho mol fir e Cordon sanitaire ausgeschwat. Also dass net mat Parteien, déi rassistesch oder nationalistesch Iddie vertrieden, zesumme geschafft gëtt. Den DP-Politiker gesäit dat elo méi differenzéiert, wann och onmëssverständlech.
"Dir kënnt Iech net engem Dialog verspären an den Institutiounen. Mee wat mer awer musse maachen, ass no baussen isoléieren. Mir solle keng aner Aktivitéite mat hinne maachen, wéi dat, wat noutwendeg ass a punkto Aarbecht, a punkto Aktivitéiten, déi institutionell virgesi sinn."
De Charles Goerens huet sech och dofir ausgeschwat, dass net mat esou Parteie koaléiert gëtt. Nieft enger klorer Haltung wier et awer och wichteg, dass Fakten op den Dësch kommen. D'Beispill vun der Recherche, déi an Däitschland gewisen huet, dass sech verschidden AfD-Politiker mat Leit aus der rietsextremer Zeen getraff hunn, géing weise wéi wichteg d'Aarbecht vun der Press ass.
Finanzéierung fir d'UNRWA ofschneide wier net gutt
"Datt eng Enquête gemaach gëtt, fannen ech richteg, datt awer ier d'Resultater do sinn, schonn d'Hëllefen ofgeschnidde ginn, dat fannen ech net gutt." Dat sot den Europadeputéierten zu der Reaktioun vun enger ganzer Rei Länner, déi d'UN-Hëllefswierk fir palästinensesch Refugiéen net méi ënnerstëtzen.
Dat well de Reproche opkomm ass, dass verschidde UNRWA-Mataarbechter e Lien mat der Hamas kéinten hunn. Lëtzebuerg wäert d'Finanzéierung weiderféieren, ewéi virgesinn.
Zwou grouss Erausfuerderunge fir d'EU-Walen
D'Ukrain an d'Funktiounsfäegkeet vun der Europäescher Unioun, dat huet de Charles Goerens als déi zwou grouss Erausfuerderunge fir d'EU-Wale bezeechent. Fir dass d'EU handlungsfäeg bleift, misst d'Vertragswierk geännert, "an do muss d'Eestëmmegkeet ewech an deenen allermeeschte Fäll". Zéng Länner wéilten den Ament an d'EU bäitrieden, ma d'Unioun wier dofir awer net prett. Fir d'Verspriechen ze halen, dës Länner tatsächlech opzehuelen, missten eben Upassunge gemaach ginn. Soss riskéiert d'EU net méi ze funktionéieren.
Zu der Fro, ob de Charles Goerens definitiv am Juni nach emol mat an d'Europawale geet, sot den DP-Politiker: "Ech ginn net nëmmen mat an d'EU-Walen, ech hunn och den Optrag vu menger Partei fir d'Lëscht ze bilden." Aktuell gëtt no Kandidaten a Kandidatinne gesicht, fir d'Lëscht ze komplettéieren. 6 Europadeputéiert ka Lëtzebuerg am Ganzen op Bréissel schécken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.