Lëtzebuerg huet keng Sträitkultur
E Freideg de Moien war dem Ëmgang mat Theeme wéi dem Heescheverbuet an dem No-Ost-Konflikt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ech erliewen eis als net streitfreedeg", esou d'Karin Weyer vu respect.lu. Si ass donieft och Member am nationalen Ethikrot. Och wa Lëtzebuerg net wierklech eng Sträitkultur huet, sollte mir méi streiden an d’Differenze respektvoll mateneen ausdroen, fënnt d’Karin Weyer. Si war e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Nolauschtere wier enorm wichteg an Argumenter soll ee sech net am Affekt iwwerleeën. Et géif ëm Verstoe goen, net ëm Recht hunn oder dorëms, déi aner Persoun wëllen unzegräifen. "Verstoen heescht net 'averstane sinn'", huet d'Karin Weyer nach präziséiert.
Et misst och kloer sinn, wourëms et iwwerhaapt geet
Iwwert den Heescheverbuet gëtt jo och aktuell vill gestridden. De Mënschenhandel géif een net geléist kréien, andeems e Polizist en Heeschert protokolléiert, sot d'Karin Weyer ganz däitlech.
Et misst an engem Debat och kloer sinn, wourëms et iwwerhaapt am Fong geet. Wéilt een d’Heescheleit net an der Stad hunn, well se lästeg sinn? Wier et e Sécherheetsproblem oder geet et och ëm Rassismus, well vill Roma-Leit betraff sinn? All déi Froe géifen Äntwerte brauchen, dat wieren awer dann ënnerschiddlech Äntwerten op déi ënnerschiddlech Froen. Ma d’Heescheverbuet wär warscheinlech keng Äntwert op dës Froen, sou d’Karin Weyer.
De Konflikt am Noen Osten ass och e Sujet, deen immens polariséiert. Dat géing een och an de Schoule mierken, sot eis Invitée. Allgemeng wier et wichteg, net ze mengen, et misst ee sech onbedéngt positionéieren. Dacks wieren déi méi extrem Stëmmen, souwuel aus der enger wéi aus der anerer Richtung, besonnesch haart. D'Positiounen aus der Mëtte géingen ënnergoen, huet d'Karin Weyer bedauert. Besonnesch awer bei engem Sujet, deen esou komplex ass, wier et gutt, sech méi differenzéiert a manner opgereegt op d'Mëtt ze konzentréieren.
D'Kanner a Jonker dierfte mat esou Themen net eleng gelooss ginn. Ma fir d'Léierpersonal wier et awer och schwéier, well et net dorëms geet ze tranchéieren. An der Schoul wier d'Approche an de meeschte Fäll, dass et richteg oder falsch gëtt. Bei engem Thema mat ville Facette wier dat vill méi schwéier. Besonnesch wichteg wier et och hei, nozelauschteren a verschidde Positiounen zouzeloossen. Dat awer natierlech ëmmer respektvoll, betount d'Karin Weyer, Member am nationalen Ethikrot.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.