E Méindeg de Moie war d'Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Situatioun am Handwierk ass allgemeng ganz kritesch, net just am Bau. D'Käschte si geklommen an et ass immens schwéier ginn, sech all Dag op en Neits ze motivéieren. Dat seet d'Alexa Ballmann, Vize-Presidentin vun der Fédération des Artisans. D'Gérante vun dräi Schéinheetssalonen war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Op der enger Säit hätt een eng zolidd Hausse vun de Käschte festgestallt. D'Produite wiere vill méi deier ginn. D'Fournisseuren hätten déi gutt Konditioune gestrach. Dat wieren nach Nowierkunge vun der Corona-Pandemie. Op der anerer Säit géing sech den Index weisen. Net nëmmen op de Salairen, déi d'Patronen musse bezuelen, mä och bei de Loyeren.

Faillitte ginn an d'Luucht

Et ginn och vill Faillitten an der Branche. D'Zuele géingen och nach an d'Luucht goen, ma wat d'Fédération des Artisans awer éischter gesäit, sinn Annulatiounen. Also Leit, déi ophalen oder éischter an d'Pensioun ginn. De Secteur vun de Schéinheetssalonen an de Coiffere wier besonnesch betraff, well d'Leit hir Servicer éischter als Luxus gesinn. Geet d‘Kafkraaft dann zeréck, ass dat ee vun deenen éischte Beräicher, an deene gespuert gëtt, gëtt d'Invitée ze bedenken.
A gudden Zäite wier d'Marge bei 5 Prozent gewiescht. Dat wier schonn net vill gewiescht, ma elo wier et just nach d'Hallschent. De Gros vun den Haussë bei de Käschte kéint een net 1 zu 1 un d'Cliente weiderginn. Fir vill Independanten géif et doduerch ëmmer méi enk ginn, fir iwwert d'Ronnen ze kommen.

Wier d'Kuerzzäitaarbecht eng Léisung?

De Chômage Partiel, esou wéi et fir de Bau-Secteur elo méiglech ass, wier fir hir Branche net dat richtegt Instrument, fënnt d'Alexa Ballmann. De Salarié am Chômage Partiel géing nämlech och eppes kaschten a well en awer net schafft, bréngt e keng Recetten eran. Dat kéint sech e klenge Betrib net laang leeschten. D'Vize-Presidentin vun der Handwierkerfederatioun begréisst awer, dass déi nei Regierung déi administrativ Contrainte wëll eroffueren. Dacks wieren d'Prozeduren nämlech op grouss Entreprisen axéiert, wat fir kleng Betriber e Problem wier. Think small first, wier do d'Devis. Also dass kleng Betriber net déi nämmlecht Oplage sollen hunn, wéi grouss Betriber. Donieft wier de Once only wichteg, also dass een net 100 Mol misst déi nämmlecht Dokumenter eraginn. Dat géing vill Zäit kaschten, kritiséiert d'Independante.

Appell un Clienten: Rendezvousen anhalen

Am meeschten hëlleft awer de Client, esou d'Alexa Ballmann. Deemno hofft de Secteur dorop, dass d'Clientë bei der Staang bleiwen. Dacks kréichen si negative Feedback vu Clienten op d'Präishaussen, an dat géing demotivéieren. Do géif si sech méi Versteesdemech wënschen. Ëmmerhin géifen déi meescht Instituter d'Präisser mol nach net esou vill upassen, wéi si eigentlech missten.

Donieft wier et wichteg, dass Rendezvouse wierklech agehalen an net op der leschter Minutt ofgesot ginn. Scho fréier wier dat net schéi gewiescht, mä haut géing dat och nach immens vill Sue kaschten, sou d'Vize-Presidentin vun der Fédération des Artisans.

Invité vun der Redaktioun: Alexa Ballmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.