Keng Steierhaussen, mee "bei den Depensen alles op de Leescht huelen"
"Et ass e ganz schwierege Kontext", fir de Staatsbudget opzestellen. Dat sot d’CSV-Deputéiert Diane Adehm um Donneschdeg de Moien op RTL.
Si schreift de Rapport iwwert de Budgetsprojet fir d’Méint Mee bis Dezember nach mat. Déi éischt Méint vum Joer goufe wéinst de Walen an dem Regierungswiessel iwwert "Douzièmes" budgetiséiert. D’Diane Adehm huet nach net mat hirer Aarbecht ugefaang, well de Finanzminister Gilles Roth aktuell nach bilateral Gespréicher mat der verschiddene Ministèren féiert. De Budgetsprojet gëtt eréischt de 6. Mäerz an der Chamber deposéiert an deemno ass nach net gewosst, wat dra stoe kënnt. D’Diane Adehm kennt awer schonn d’Ausgangsbasis.
De Staat huet déi lescht Joren an der Covidkris an dunn an der Energiekris vill Sue bäigeluecht. Resultat: 2023 huet den Zentralstaat (also ouni Gemengen a Sozialkeesen) mat engem Defizit vu 630 Milliounen Euro ofgeschloss. De "Fuerplang" fir déi nächst Joer wier den "Triple A" ze behalen. Eng "Richtlinn" wier an deem Sënn d’Staatsschold ënner 30% vun der Wirtschaftsleeschtung - dem PIB - ze halen. Eng Rout Linn ass et awer fir d’CSV-Deputéiert net: "Wann een eng Kéier sollt kuerzfristeg driwwer goen, dann ass dat esou. Mee mëttelfristeg soll d’Trajectoire sinn, datt mir ënnert den 30% bleiwen".
D’lescht Joer sinn d’Recette zwar geklommen, d’Ausgaben awer duebel esouvill. Dowéinst misst der CSV-DP-Majoritéit no op der Depensësäit gehandelt ginn. D’Diane Adehm huet d’Ausso vum Finanzminister widderholl: "Et muss net alles ewéi d’Ham an der Mëllech gekacht ginn". De Gilles Roth sot och vun 2025 u misst "d’Schrauf e bëssen ugezu ginn". Dat géing dem Diane Adehm no bedeiten, datt alles misst op de Leescht geholl ginn. D’Rapportrice fir de Budget 2024 huet puer Beispiller genannt: De Staat misst méi bëlleg bauen, keng Gebaier ewéi d’K22 vun Arcelor Mittal um Kierchbierg méi matkafen, oder nach d’Leit beim Staat mat anere Profiller astellen. Woubäi d’Diane Adehm och sot, "net onbedéngt manner gutt bezuelt".
Steieren an d’Luucht setzen, fir méi Recetten ze generéieren, bleift en "No-go» fir d’CSV-DP. Hëlt déi nei Majoritéit dann a Kaf, datt d’Schéier tëscht Räich an Aarm weider auserneegeet? Fir d’Diane Adehm misst ee bei de sozialen Transferten "vill méi selektiv" ginn an net méi "fir jiddereen alles gratis maachen".
An hirem Rapport iwwert de Budgetsprojet wëll d’Diane Adehm iwweregens de Fokus op d’Finanzplaz leen. Si wéilt der Fro nogoen, ob déi nach ëmmer déi sougenannte "Mëllechkou" ass. Sief et d’Suen déi vun der Finanzplaz direkt kommen oder vun den Aarbechtsplazen, déi se generéiert. Fir de Rapport ze maachen, kritt d’CSV-Deputéiert Hëllef aus hirer Fraktioun: De Marc Reiter an de Henri Wagener.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.