E Méindeg de Moie war de Gesondheetssecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zu Lëtzebuerg schaffe ronn 2.000 Acteuren an 140 Betriber an der Gesondheetsindustrie. De Secteur wiisst an dofir wëlle mir hei am Land een Health Hub schafen fir d'Innovatioun an d'Recherche an dësem wichtegen Domän ze promouvéieren. Dat sot de Vize-President vun der neigegrënnter Fedil Health Corporations e Méindeg de Moien am RTL-Interview.

Invité vun der Redaktioun: Nicolas Henckes

Ultimatiivt Zil: och hei am Land Medikamenter produzéieren

Déi nei Federatioun regroupéiert aktuell 11 Acteuren aus dem private Secteur an huet 2 Haapt-Objektiver. Engersäits d'Sproochrouer vun de privaten Acteure vis-à-vis vun der Regierung ze sinn an anerersäits, de Lëtzebuerger Ekosystem weider z'entwéckelen. Dat natierlech an Zesummenaarbecht mat der Uni an aneren Acteuren. Et wier wichteg, dass sech d'Lëtzebuerger Ekonomie diversifizéiert, sou den Invité. Et wéilt ee virop Mol nei Betriber an de Grand-Duché kréien, déi Recherche maachen. Mä dat ultimatiivt Ziel wier natierlech och, dass duerno hei am Land produzéiert gëtt, notamment Medikamenter. Och wann ee wéisst, dass et net ëmmer sou einfach wier, fir hei am Land eng Fabrick opzebauen.

D'Digitaliséierung weider bréngen

Déi nei Federatioun wéilt och versichen, fir d'Digitaliséierung weiderzebréngen. Haapt-Interêt wieren do déi anonymiséiert Donnéeën, déi Lëtzebuerg nach ëmmer net huet. An den Nopeschlänner géingen zanter 10 Joer Datebanken mat anonymiséierten Donnéeën vu Bluttprouwen opgebaut ginn, déi eng Gold-Grouf sinn fir Chercheuren. Domadder kéint een erkennen, wou d'Besoinen vun enger Bevëlkerung leien a wourop een d'Recherche misst orientéieren, erkläert de Nicolas Henckes. Dofir wier et och wichteg, dass d'Systemer an deene verschiddenen Organisatiounen, Spideeler, Cabineten an Laboe mateneen verbonne ginn. Stéchwuert: Dossier de soins partagés,

Wat bréngt dat dem Patient?

Ee Lëtzebuerger Health Hub hätt och Avantagen fir d'Lëtzebuerger Patienten. Ugefaangen domadder, dass een dInnovatioun domadder vill méi séier hei am Land hätt. Et kéinten och Pilotprojeten lancéiert ginn, zesumme mat de Spideeler, fir nei Produiten ze testen oder och, fir bei internationale Recherche matzemaachen.
Zum Beispill ginn et zu Lëtzebuerg jo laang Delaie fir Mammographien. Déi kéinten awer eventuell hifälleg ginn, well aktuell Recherchen am Beräich vum Broschtkriibs weisen, dass een eventuell duerch Bluttprouwen kéint eng Fréi-Diagnos stellen. Déi privat Laboe kéinten esou Tester bannent 24 Stonnen realiséieren. Dat wier duerno net just een Avantage fir d'Patienten, ma och fir de Budget vun der CNS, sou den Nicolas Henckes.

Wie stécht dohannert?

D'Gesondheetsindustrie produzéiert ënner anerem medezinescht Material a Medikamenter. Aktuell huet déi nei Federatioun 11 Memberen dorënner "B Medical Systems", déi zum Beispill Frigoe fir Vaccinen produzéieren oder "Flen Health" déi Crèmë produzéieren, fir Wonnn besser ze heelen an Narbe méi kleng ze maachen. Donieft sinn och grouss Laboen an der Federatioun mat derbäi (ndlr) a  Betriber wéi MPG, Molecular Plasma Group, déi net just an der Gesondheet aktiv sinn, mä déi speziell Lacke maachen, déi antibakteriell an antiviral sinn.

Fir zu Lëtzebuerg een Health Hub op d'Been ze stellen, bräicht een natierlech och Investisseuren. Dat wier een Challenge, mä do géingen aner Patronatsvertriedungen wéi d'UEL och hëllefen, fir spezifesch Investmentfongen an d'Land ze kréien, déi och bereet wieren, fir am Capital Risk an esou Projeten z'investéieren, sou den Nicolas Henckes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.