D‘Sozialschäffe vun der Stad Lëtzebuerg war um Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Probleemer, déi d'Leit an der Stad nuets net schlofe loossen oder d'Commerçante stéieren, hätten näischt direkt mam Heescheverbuet ze dinn. Dat sot d'DP-Sozialschäffe vun der Stad Lëtzebuerg. D'Corinne Cahen war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. D'Gemeng géif awer och dru schaffen, déi aner Probleemer ze léisen. Eng vun de Strategië vun der Stad wier zum Beispill, de Garer Quartier an Zukunft erëm méi ze beliewen, zum Beispill mat Evenementer a Concerten. Wa genuch aner Leit do wieren, géife Prostituéierter an Drogendealer net stéieren. Wieren awer just déi do, hätt een Angscht.

Eng Momentopnam: iwwer 200 Sans-Abrisen dëst Joer

An der Stad goufen dëst Joer eng 200 Sans-abrie gezielt. Dëst wier awer just eng Momentopnam an et géif eng grouss Donkelziffer, betount d'Invitée. D'Offer u soziale Servicer géif ni duergoen, ma d'Stad Lëtzebuerg hätt der wierklech vill a verschiddener. Et géingen honnerte Better uechter d'Stad ginn. Vun nidderschwellege Strukturen, wou ee just kéint schlofen goen, bis hin zu miwweléierten Zëmmeren. Virun Kuerzem wier och nach e Container zesumme mam Familljeministère opgemaach ginn. Vill Leit géingen awer net aus der Stad kommen an dofir huet d'Sozialschäffen een Appell un déi aner Gemenge lancéiert, fir och nach weider Offeren ze schafen.

Wat feelt an der Stater Offer?

De Fokus vun der Stad Lëtzebuerg läit aktuell dorobber, fir méi Strukture fir Fraen opzemaachen a virun allem d'Housing-First-Offer auszebauen. Do sollen d'Leit en Daach iwwert dem Kapp zur Verfügung gestallt kréien, ouni am Virfeld iergendwellech Konditioune mussen z'erfëllen. Do géing net gekuckt ginn, ob een Alkohol- oder Drogeproblemer hätt oder psychiatresch Problemer. Fir d'éischt wéilt een de Leit een Doheem ginn a sech dann ëm de Rescht këmmeren, sou d'Corinne Cahen.

Vill Leit hunn de Mond immens voll geholl

Wat zitt déi fréier Ministesch fir e Bilan no knapp 3 Méint nei Regierung an d'Affäre Meisch an Heescheverbuet?

Natierlech hätte verschidde Leit virun de Walen de Mond immens voll geholl a vill gefuerdert, sou d'DP-Politikerin. Da géing och direkt vill vun engem verlaangt ginn. Si wéisst och, wéi et wier, no 10 Joer an der Regierung, wann all Wuert géing op d'Wo geluecht ginn. Am Ufank wier ee voller Tatendrang an da kéim et och mol vir, dass ee Saachen annoncéiert, déi een net anhale kann, mee da géing een doraus léieren an dat duerno revidéieren. Op alle Fall misst een awer trotzdeem déi 100 Deeg ofwaarden an d'Leit an de Ministère ukomme loossen, sou d'Corinne.

Invité vun der Redaktioun: Corinne Cahen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.