E Freideg de Moie waren d'Reklamatioune vun de Bierger un den Ombudsman Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ginn ëmmer méi Reklamatioune beim Ombudsman, also där Ulafstell, wou d'Leit sech kënne beschwéieren, wa se Problemer mat Verwaltunge vum Staat oder vun de Gemengen hunn. Vun am Schnëtt 800-900 d'Joer, wier een elo bei ronn 1.500 Reklamatiounen. D'Leit wieren och ëmmer méi ängschtlech an aggressiv. Dat sot d'Omudsman Claudia Monti e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Iwwerall, wou d'Mënschlechkeet ass

Dass d'Reklamatioune sou an d'Luucht ginn, géing natierlech och um Bevëlkerungswuesstem leien, mee och dorunner, dass d'Leit elo effektiv vun den Administratioune selwer dorop opmierksam gemaach ginn, dass se kënne Recours géint hir Decisioun aleeën. Generell wier et awer d'Onsécherheet duerch d'Krisen, déi d'Leit dozou bréngt, och verschidden Decisiounen ze hannerfroen, well se sech och besser informéiere kënnen. Et gëtt net méi alles sou einfach acceptéiert, sou d'Claudia Monti. D'Reklamatioune ginn natierlech vu bis, mee virop iwwerall, wou d'Mënschlechkeet ass a wou et ëm d'Sue geet, erkläert d'Invitée. Also am Beräich Steieren a Subsiden.

Aktuell wieren d'Delaien duerch dës Hausse vu Reklamatiounen och an d'Luucht gaangen, dofir géing si och elo Verstäerkung kréien, sou d'Invitée.

Eng Reklamatioun zum Heescheverbuet

Zum Heescheverbuet wier bis ewell just eng Reklamatioun erakomm. Allgemeng dierft si awer net soen, wat si vun engem Gesetz hält. Positiv an där Diskussioun gesäit d'Claudia Monti, dass déi juristesch Situatioun elo soll méi kloer gemaach ginn. Déi aktuell juristesch Onsécherheet wier nämlech net gesond, well et ze vill Interpretatiounsspillraum gëtt tëscht deenen, déi d'Gesetz gemaach hunn an deenen, déi d'Gesetz applizéieren. Dat kéint e Prezedenzfall gi fir aner Gesetzer an dat géing si net gutt fannen. Donieft wier et och gutt, dass mat enger u sech traureger Geschicht, endlech iwwer Leit geschwat gëtt, déi soss kee géingen interesséieren.

D'Grenze vun der Digitalisatioun

Positiv zeréckzebehalen vun hire leschte 6 Joer am Amt wier virop, dass den Ombudsman an der Verfassung verankert gouf. Dat géing hirem Roll national an international Kredibilitéit ginn. Negativ wier virop, dass eis Welt ëmmer méi digital gëtt. Natierlech hätt dat seng Virdeeler, well et Weeër ka verkierzen an d'Liewe vereinfachen. Allerdéngs wier dat fir vill Leit och eng Erausfuerderung. Do wier et wichteg, dass et och weiderhi méiglech ass, fir kënnen ze telefonéieren, mee dacks wieren dann entweder d'Leitungen net besat oder déi Persoun um Telefon wéisst net Bescheed.

"Digitalisatioun Ok, mee wgl. mënschlech", sou d'Claudia Monti.

Wat sech d'Ombudsman fir d'Zukunft wënscht, ass eng Ausweidung vun hire Kompetenzen. Si wier nämlech just responsabel fir staatlech- a Gemengeverwaltungen, mee géing awer dacks och Reklamatioune kréie fir privat Spideeler, d'CFL, Post etc.

Aktuell géing d'Chamber och un engem Pre-Projet schaffen, fir e Gesetzprojet op d'Been ze stellen, sou d'Invitée.

Invité vun der Redaktioun: Claudia Monti

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.