Et musse méi Educatricen an Educateuren ausgebilt ginn
De Beruff vum Educateur a vun der Educatrice huet sech an de leschte Joerzéngten enorm entwéckelt.
E wier systemrelevant a breet gefächert. Vu Crèchen, iwwer d'Versuerge vu Leit mat Handicap a Flüchtlinge bis hin zu der Aarbecht an Altersheemer. Dat sot d'Claudine Muller als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass d’Direktesch vum LTPES, deem Lycée zu Miersch, dee sozio-edukatiivt Personal ausbilt. D’Educateurs-Etüde feieren dëst Schouljoer och 50 Joer.
Zu Lëtzebuerg ginn awer net genuch Leit forméiert. D’Land bräicht méi Educatricen. Den LTPES bitt eng 300 Plazen all Joer a reizt do alles aus. An der Moyenne maachen eng 180 Schüler pro Joer hir Terminal, dat ass d’Joer no der 1ère, wou een zousätzlech en Educateursdiplom kritt. D'Direktesch Claudine Müller hofft, datt ee weider Infrastrukturen a Personal kritt fir méi Leit auszebilden. Am Koalitiounsaccord steet, datt eng Annexe vum Lycée soll op Esch/Belval kommen.
Aktuell wëlle 70% Meedercher Educatrice ginn, d’Jonge maachen nëmmen 30% aus. Do hofft d’Claudine Muller op e bessert Gläichgewiicht. De Beruff vum Educateur an der Educatrice géif a Wiesselwierkung mat der Gesellschaft stoen. Ze mann Beweegung ass zum Beispill ee Problem, wou een an der Ausbildung deem Rechnung dréit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.