E Freideg de Moie waren d'Pläng vun der CSV-DP-Regierng Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'CSV-DP-Regierung setzt jo op wirtschaftlech Croissance, fir de Staatsbudget am Equiliber ze halen an de Sozialsystem ze finanzéieren. Op d'Croissance setzen, ass sécherlech "lackeleg", sou d'Presidentin vum Mouvement écologique e Freideg de Moien hei op RTL. D'Blanche Weber huet awer gefrot, ewéi dat net soll op Käschte vun der Liewensqualitéit goen. D'Regierung soll an hiren Aen emol d’Käschte fir déi Croissance op den Dësch leeën. Net just déi finanziell Käschten, mee och a Punkto Infrastruktur. D’Blanche Weber huet gefrot, ob nach genuch Leit fonnt ginn, fir d’Aarbecht ze maachen, ob et genuch Waasser gëtt, mee och Bauland, Wunnengen an esou weider. A wéi dat alles net op Käschte vun der Liewensqualitéit soll goen.

"Jo mir brauche Logement", esou d’Blanche Weber, déi och averstanen domadder ass, wann d’Regierung d’Prozedure vereinfache wëll. Och am Naturschutz wiere Feeler geschitt an de Mouvement écologique hätt och scho virum Logementsdësch konkret Mesuren ausgeschafft, ewéi ee kéint Logement a Natur ënnert een Hutt kréien. Wa béides awer géinteneen ausgespillt géing ginn, da géing sech ee sech "radikal" dogéint wieren, esou d’Blanche Weber.

Ma och wa méi gebaut géing ginn, esou hannerfreet de Mouvement écologique, ob iwwerhaapt nach genuch Leit aus der Grenzregioun oder méi wäit op Lëtzebuerg kommen, fir ze schaffen. Dee Facteur, esou wéi eng Croissance vun der Produktivitéit ëm 1,2% a vun 1,8% vum PIB pro Joer wieren nämlech an de Modeller virgesinn, fir de Pensiounssystem z’erhalen. Fir d’Blanche Weber wieren déi Viraussetzungen awer op extrem wackelege Been. Esou géing een net just den nächste Generatiounen de Klimaproblem verierwen, mee och d’Fro vun der Finanzéierung vum System.

De Mouvement géing scho laang soen, datt de Wuesstem an d’ekologesch Krittären net "vereinbar wieren". Geet da méi Ekologie oder manner Croissance net op Käschte vum Confort? D’Blanche Weber mengt net. D’Solar-Energie, den Tram, Saache flécken, amplaz ëmmer méi kuerzlieweg Produiten ze hunn: Mat all deene Saachen, déi eng Rei Organisatiounen, dorënner de Mouvent écologique schonn an de 70er oder 80er Jore gefuerdert hunn, géing een haut genau esou gutt liewen.

Invité vun der Redaktioun: Blanche Weber

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.