E Méindeg de Moie war den Aarbechtsmaart Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir den Ament gesäit et net dono aus, wéi wann eng kuerzfristeg Tendenz kéim, déi de Krisen-Trend géif staark veränneren. Momentan leie mer bei engem Chômagetaux vu 5,5%. De Statec prognostizéiert fir d’ganzt Joer awer en Taux vun 5,9%. Dat géing éischter drop hindeiten, dass weider Plazen an den nächste Méint ewechfalen. Dat sot d’Isabelle Schlesser e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Direktesch vun der ADEM huet erkläert, dass Lëtzebuerg d'Effete vun der Kris och ëmmer méi séier spiert wéi d'Nopeschlänner. Dat wier och bei der Covid-Kris esou gewiescht. Duerno géing et awer och méi séier nees besser goen, wéi dat an anere Länner de Fall ass.

Diskrepanz tëscht Chômagezuelen a fräien Aarbechtsplazen

Dass et gläichzäiteg vill Chômeuren a vill oppen Aarbechtsplaze gëtt, wier eng Diskrepanz, déi schwéier ze verstoe wier, gëtt d'Invitée zou. Mee wann ee géing an den Detail goen, da kéint een dat erklären. Dacks géifen d’Profiller einfach net iwwertenee stëmmen. Dann hätt een zwar vill Chômeuren an engem Secteur, mee deene géifen dann zum Beispill déi néideg Sprooche-Kompetenze feelen.

D’Penurie wier weider grouss am Beräich vun der Informatik, awer och bei spezialiséierte Plazen am Finanzsecteur. Eng Léisung dofir si virop d'Formatiounen. An do misst een nach kollektiv eng gutt Schëpp bäileeën. Egal, ob een elo schonn am Chômage ass oder nach schafft, misst ee sech kontinuéierlech weiderbilden. Donieft wier et och un den Entreprisen, fir weiderhin attraktiv ze bleiwen. Wann een hei am Land net déi néideg Leit kéint fannen, da misst een an d'Ausland kucke goen.

Ëmmer méi Laangzäitchômeure sinn iwwer 45 Joer al

E grousse Problem wier iwwerdeems, fir Leit ze placéieren, déi schonn e gewëssenen Alter hunn, also iwwer 45 Joer al sinn, an déi scho méi laang no enger Aarbecht sichen. Mëttlerweil wieren dat iwwer 40 Prozent vun de Chômeuren, also ronn 7.500 Leit. Dovunner wieren 51 Prozent iwwer 12 Méint laang ageschriwwen, also Laangzäitchômeuren. Do wieren och vill gutt qualifizéiert Leit drënner. Problem wieren d'Virurteeler. Also zum Beispill, dass d'Patrone géinge mengen, déi Leit wéilte geschwënn an d'Pensioun goen. Dat wier awer net de Fall.

Kënschtlech Intelligenz als Chance

Kënschtlech Intelligenz wäert iwwerdeems e ganz groussen Effet hunn op d'Transformatioun vun den Aarbechtsplazen. Dat wier awer net d'Enn vun der Aarbecht a si géing och net dovunner ausgoen, dass elo kee méi wäert schaffen. Mee vill Beruffer, souguer all d'Beruffer, géinge sech duerch KI ganz staark veränneren an dat kéint och eng Chance sinn. Nämlech wann éischter repetitiv a langweileg Aarbechten oder kierperlech schwéier Aarbechte kéinte vu KI gemaach ginn. Et misst een da just kucken, dass déi Leit déi haut déi Aarbecht maachen, och muer nach hir Plaz hunn um Aarbechtsmaart. Dat wier den Defi. Et misst een op alle Fall de Leit d'Angscht huelen an de Bierger erkläre wat KI ass.

Méi Work-Life-Balance

Och d'Demande vun ëmmer méi Work-Life-Balance wier einfach eng Realitéit hautzedaags an net just bei de Jonken. Et wier net gutt, doriwwer ze meckeren. Et misst een den Aarbechtsmarché dorunner adaptéieren. Et wieren och scho verschidden Employeuren, déi dat gutt géinge maachen. Op der anerer Säit misst een awer och kucken, net just u seng eege Work-Life-Balance ze denken. Deen, deen owes um 11 eng Pizza bestellt bei all Wieder an egal wou hie wunnt, géing dacks net un d'Work-Life-Balance denke vun deem, deen d'Pizza liwwert. Et misst ee Kompromësser agoen, sou d'Direktesch vun der ADEM.

Invité vun der Redaktioun: Isabelle Schlesser

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.