Et war souguer – bis leschte Sonndeg - de fënneft-wäermste Wanter iwwerhaapt zu Lëtzebuerg.

Mat enger Moyenne vu 4,3 Grad, dat si bis zu 2,7 Grad méi wéi üblech, sot d’Dana Lang vum Meteo-Service vun der ASTA als eis Invitée vun der Redaktioun.

D’ASTA ass en technesche Service vum Landwirtschaftsministère, dee mat 39 Wiederstatiounen uechtert Land, ënnert anerem Reen, Temperaturen oder Schnéi moosst. Et gëtt gekuckt, wéi sech d'Wieder verännert huet a wéi et sech entwéckelt.  Den nationale Wiederdéngscht MeteoLux huet just eng Statioun um Findel, wat och erkläert, firwat et bei de Lëtzebuerger Wiederdaten deels Ënnerscheeder gëtt.

Schnéi am Wanter wäert et wuel ëmmer manner ginn. Net nëmme bei eis. D’Schigebidder ëm déi 2.000 Meter wäerte verstäerkt Problemer kréie mam Schnéi. A musse sech warscheinlech ëmstellen, well de Konschtschnéi vill Nodeeler hätt an d’Anlage géife riskéieren, net méi rentabel sinn.

D’Dana Lang vertrëtt mam Andrew Ferrone och Lëtzebuerg am Weltklimarot, dem IPCC. Wëssenschaftler aus der ganzer Welt warne mat drastesche Wierder virun enger Klimakatastroph. D'Zil fir d'Äerderwiermung op annerhallwe Grad ze limitéieren, wier zwar schwéier ze erreechen, awer nach ëmmer méiglech, sou d'Wieder-Expertin. Zil misst et sinn, d'Äerderwiermung sou niddreg wéi méiglech ze halen, well d'Konsequenze wären enorm, mat méi extremen Nidderschléi oder enormen Dréchenten zum Beispill.

Invité vun der Redaktioun: Dana Lang

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.