Um Mëttwoch de Moie war d'Aarmut Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi multipel Krisen déi lescht Joren hunn e groussen Impakt op d'Aarmut zu Lëtzebuerg. Dat mierkt een och bei der ASBL "Stëmm vun der Strooss". D'Strukture wiere struppevoll, sou d'Direktesch Alexandra Oxacelay e Mëttwoch de Moien am Interview mat RTL. 2022 wiere 449 Moolzechten den Dag ausgedeelt ginn,zejoert waren et der 720.
2023 hätt een am Ganzen 198.000 Moolzechten ausgedeelt. Am Verglach mat 2014 wier dat eng Progressioun vun 191 Prozent, also ronn 3 Mol méi wéi nach virun 10 Joer.

Imvité vun der Redaktioun: Alexandra Oxacelay

Et ass nei dass d'Leit matzen an der Stad am Zelt schlofen

D'lescht Woch war d'Alexandra Oxacelay och an engem Reportage op ARTE ze gesinn ("Arm im reichsten Land Europas"). Si hätt vill Echoen doriwwer kritt a wier frou, dass d'Problematik ëffentlech gewise gëtt. Am Reportage gesäit een och Leit, déi um Kierchbierg an Zelter schlofen. Dee Phänomen wier iwwerhaapt net nei, gëtt d'Invitée ze bedenken. Nei wier, dass een d'Leit elo matzen an der Stad fënnt. Doriwwer wier si selwer erstaunt. Wat si eigentlech awer nach gäre méi géing weisen, wieren déi sougenannt Cafészëmmeren, wou Leit ënner Bedéngunge schlofen, déi net würdeg wieren: A just engem Zëmmer, ouni Kichen an zu horrende Präisser.
Eigentlech wier d'Aarmut schonn zanter 2022 drastesch an d'Luucht gaangen. No der Pandemie wier et ville Leit, deenen et virdrungutt goung, net gutt gaangen. Da misst et forcement deene Leit deenen et ganz schlecht geet, deenen et scho virdrun schlecht gaangen ass, duerch d'Kris nach méi schlecht goen, erkläert d'Invitée.

Och aner Gemengen musse Responsabilitéit iwwerhuelen

Och d'Heescheverbuet an der Stad war e Sujet. D'Verbuet wäert den eigentlech Problem awer net léisen, sou d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss. D'Heescherte géingen elo op aner Plazen goen – och an d'Nopeschgemengen. "Mir fannen se op Tankstellen erëm, mir fannen se an de Zones industrielles erëm, an de Supermarchéen. […] Wat hunn se da vun Alternativ?."

Allgemeng géif et u Strukturen feelen, déi 24 Stonnen op 24 an de Weekend op sinn. D'Stad Lëtzebuerg géing scho vill maachen, mee et géing net duergoen. Och aner Gemengen missten hir Responsabilitéit huelen. Och am Süden an am Norden vum Land.
Am ëffentlechen Debat géing och dacks den Amalgamm gemaach ginn tëscht Heeschen an "Sans-Abrisme". Dat wier awer net dat selwecht, sou d'Invitée. "Et ass net, well een Sans-abri ass, datt een automatesch heesche geet".

"Mir brauche méi Moyenen"

Déi aktuell Regierung huet sech d'Aarmutsbekämpfung op de Fändel geschriwwen. Effektiv géifen d'Politiker kucke kommen an d'Gespréich sichen. Konkreet misst sech dat awer elo am Budget weisen. D'Asbl bräicht nämlech finanziell Hëllef fir méi Personal an Infrastrukturen. Punkto Benevolat wier een aktuell nach net prett, fir Benevollen opzehuelen. Am Mee soll awer eng Struktur op de Been stoen wou och Benevollen kéinten an den Asaz kommen, notamment an der Banque alimentaire, sou d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.