E Méindeg de Moie war d'Spidolswiesen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Als Fra huet een eng aner Manéier, fir eng Gestioun ze maachen. Mir ass wichteg, gutt entouréiert ze si vu Mataarbechter an ech setze vill op Dialog. Et wäert keng Gouvernance vun uewen no ënnen ginn." Dat sot déi nei Generaldirektesch vum CHL. D'Dokter Martine Goergen war e Méindeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.

Et ass nach e generelle Problem, souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland, dass et u Fraen a Leadership-Positiounen feelt. Et misst ee sech ganz vill investéieren an och assuréieren, sou déi nei Direktesch en vue vum Weltfraendag dëse Freideg. Si selwer kéint elo als nei Direktesch natierlech manner als Chirurgin schaffe wéi bis ewell, mä si wéilt trotzdeem de Kontakt mat de Patiente behalen an och nach operéieren.  

Personal valoriséieren fir der Penurie entgéintzewierken

De Manktem u Fleegepersonal an Doktere wier en europäesche Problem. Dat géing een an Asien oder a Südamerika net gesinn. E Spidol kéint net eleng no Léisunge sichen. Fir deem entgéintzewierken, misst d'Aarbecht vum Personal valoriséiert a méi attraktiv gemaach ginn.

Dass d'Dokteren am CHL Salariéë sinn a keng Independanten, also dass se eng fix Paie hunn, géif eng grouss Solidaritéit mat sech bréngen. De System géif gutt funktionéieren. Allerdéngs wier de CHL dowéinst och fir verschidde Spezialisatiounen, notamment Radiologie, Kardiologie oder Anästhesie, manner attraktiv wéi aner Spideeler hei am Land. Grad do wou eigentlech vill eenzel Akte kënne verrechent ginn, a wou d‘Nomenclature gutt ass, hätt den CHL Problemer fir Leit ze rekrutéieren. Dofir hätt een och d'Kontrakter e bësse geännert an et géing elo eng "part variable" matspillen, fir dass d'Aktivitéit besser remuneréiert gëtt.

D'Spidol attraktiv halen a regional mat Antenne schaffen

Grad an Zäiten, wou d'Demande no Work-Life-Balance ëmmer méi grouss gëtt, misst een dofir suergen, dass d'Spidol weider attraktiv bleift, an dass Dokteren net just a kleng Praxisse schaffe ginn, well et do zum Beispill keng Garde gëtt.

Als Spidol hätt een den Avantage, dass ee kéint eng aner Medezin ubidden, wéi am Ambulanten an et géing een als Dokter aner Pathologië gesinn. Mä och d'Politik misst do hire Rôle spillen an dofir suergen, dass och déi kleng Praxisse bei de Garden hëllefen. D'Dokter Martine Goergen schwätzt sech dofir aus, dass kleng Strukturen iwwer Land als Spidolsantenne fonctionéieren. Zu Maarnech op der Nordstrooss hätt een zum Beispill scho ganz gutt Erfarungen domadder.

Politesch Fuerderungen un déi nei Santésministesch

Et wier ganz wichteg, d'Spezialisatioune vun de Kannerdokteren endlech unzëerkennen, ënnersträicht d'CHL-Generaldirektesch Goergen. Dat hätt si der neier Gesondheetsministesch och un d'Häerz geluecht. An der Kannerklinik wiere vill verschidde "Surspezialitéiten" zum Beispill e Kanner-Pneumolog, e Kanner-Nephrolog an e Kanner-Gastronterolog, an déi wieren hei zu Lëtzebuerg net unerkannt an deementspriechend kéinte si net dat ofrechnen, wat se bräichten, sou déi nei Generaldirektesch vum CHL.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Martine Goergen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.