En Dënschdeg de Moie war ënnert anerem den internationale Fraendag Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech weess Näischt doriwwer, wann et stëmmt, ass et grave." Et wieren awer Reprochen, deenen ee misst nogoen an iwwert déi mat den CFL misst geschwat ginn. Dat sot en Dënschdegmoien d'Yuriko Backes, zoustänneg Mobilitéitsministesch, als eis Invitée vun der Redaktioun. Si huet op den Tageblatt-Artikel reagéiert, wou vu grave Mëssstänn bei der Video-Iwwerwaachung vun den CFL rieds ass.

Weltfraendag nach ganz néideg – Lëtzebuerg op leschter Plaz an der EU bei de Pensiounen

Si ass awer och Ministesch fir Gläichstellung. De Weltfraendag e Freideg wier nach ëmmer ganz néideg. Et géifen op der Welt nach vill Inegalitéiten, an der Ekonomie an an der Politik. Weltwäit wären d'Problemer nach ëmmer ganz grouss. Frae ginn diskriminéiert, Meedercher zwangsbestuet a Frae genital mutiléiert. 100 Millioune Fraen hunn och keen Accès zur Bildung. Op EU-Niveau wier d'Situatioun e bësse besser, mat awer nach ville Problemer. Hei am Land gëtt et zwar manner Ongläichheeten, mä zum Beispill steet Lëtzebuerg bei de Pensioune net gutt do, mä op der leschter Plaz an der EU. Frae si méi dacks vun Altersaarmut betraff. De Lëtzebuerger Steiersystem wär do net am Avantage vun de Fraen, dowéinst géif een un der Individualiséierung schaffen.

Lëtzebuerger Defense-Budget gëtt wierklech ambitiéis

D'Yuriko Backes ass och Verdeedegungsministesch. An der aktuell geféierlecher, geopolitescher Situatioun wier et wichteg, verstäerkt an dat eegent Militär an an d'NATO z'investéieren an d'Ukrain weider z'ënnerstëtzen. Mat 270 Milliounen Euro hätt ee bis ewell d'Ukrain ënnerstëtzt. Si kéint elo net virgräifen – e Mëttwoch ass den Depot an d'Presentatioun vum Budgetsprojet 2024 – mä den Defense-Budget fir dëst Joer wär wierklech ambitiéis, well et néideg wier.

Keng Lëtzebuerger Zaldote ginn an d'Ukrain geschéckt

D'Ministesch war och formell, datt Lëtzebuerger Zaldote sécher net an d'Ukrain geschéckt gi wärend do Krich ass. De franséische President Macron hat jo Buedemtruppen an d'Spill bruecht. D'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain géif materiell bleiwen. D'NATO dierft keng Krichspartei sinn, soss géif de Krich an d'EU importéiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Yuriko Backes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.