E Mëttwoch de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et war keng einfach Decisioun. Mä dës Europawale wieren decisiv, well rietspopulistesch Tendenzen an der EU zouhuelen. Si wéilt och, als méi jonk Stëmm, de Marc Angel ënnerstëtzen an dowéinst géif si mat an dës Wale goen, sot d'LSAP-Deputéiert Liz Braz de Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

U sech wollt si net fir d'Europawale kandidéieren, mä heiansdo misst een och eppes am Déngscht vu senger Partei maachen. D'lescht Joer hätt si och d'Vertraue kritt a wär mat an d'Nationalwale geholl ginn. Lo géif si dat zréckginn. Et wär wouer, datt aner Kandidaten deemno wéi besser gewiescht wären, mä déi hätten déi Responsabilitéit net assuméiert. Si wär och bewosst net Spëtzekandidatin ginn. D'Fro, ob si en EU-Mandat géif unhuelen, wa se gewielt gëtt, huet se opstoe gelooss. Et soll een emol kucken, wat de Wieler seet.

Zwee Sëtz am Europaparlament wieren d'Zil vun der LSAP an och net onméiglech. Den europäesche Projet misst weider gedroe ginn. Den Nicolas Schmit, fréiere Minister an elo EU-Kommissär, ass jo europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten. Seng Chancë wäre guer net sou kleng, mengt d'Liz Braz. Hien hätt déi néideg Kontakter zu de Gewerkschaften, awer och zum Patronat. Wann et géif driwwer hiergoen, misst de Luc Frieden ganz déif a sech eragoen, fir den Nicolas Schmit net ze consideréieren, fënnt déi jonk LSAP-Deputéiert.

An der Lescht sinn eng Rei CSV- oder DP-Politiker mat Aussoen oder Aktiounen opgefall, déi fir Kritik gesuergt hunn. Datt ee sech haut net méi däerf trauen, iergendeppes ze soen, dat wiere sou Punchlines, déi ee virun allem aus enger AfD oder och nach aus dem Marine Le Pen senger Partei héiert. Et hätt een als Politiker eng gewësse Responsabilitéit, fir eng politesch Correctness ze behalen, an déi wär komplett verschwonnen iwwert déi lescht Méint. D'Liz Braz gesäit eng "Kehrtwende" beim politeschen Discours. Et géif just nach ëm Populismus goen. Et wär eng Radikaliséierung vum Konservatismus. Si bedauert och, datt de Premier do net méi mat der Hand op den Dësch schléit. D'CSV wier amgaangen, e bëssen en Drift no riets ze kréien. Si géif sech och froen, wou d'DP wier. Dat wär just nach déi kleng CSV niewendrun.

Invité vun der Redaktioun: Liz Braz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.