E Freideg de Moie war d'Zukunft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Als Futurolog kuckt een, wat et haut scho vu Méiglechkeete gëtt a wéi een domat eng liewenswäert Zukunft ka gestalten, sou beschreift eisen Invité vun der Redaktioun, de Max Thinius, säin Job. Wat méi Technologien, wat besser.

Mir hätten ëmmer méi Méiglechkeeten an dat géif eis Angscht maachen, wann nach eppes Neies kënnt. Mee mir missten dat anescht gesi,, wéi an der Industrialiséierung. Deemools hätt de Jules Verne och op de Mound fléien wëllen, mee et gouf nach net déi richteg Technologie. Wa mer allerdéngs haut eng Iddi hätten, dann hätte mer an der Reegel Honnerten, souguer Dausenden technesch Méiglechkeeten, fir dës ëmzesetzen. KI, also Kënschtlech Intelligenz, wier just eng dovunner, ma net déi Lescht. Do kéimen nach ganz vill nei Technologien, mee domadder misst ee sech net verréckt maachen. Aktuell wier d'KI wéi een Elektrizitéitswierk an elo bräichte mer just nach d'Luuchteschalter, fir de Stroum och benotzen ze kënnen, erkläert de Futurolog.

Wei gesäit d'Zukunft aus?

Mir wäerten ëmmer manner global, industriell Strukturen hunn an dofir méi regional Strukturen, esou de Futurolog. D'Handwierker wäerten immens wichteg sinn, fir eis Zukunft ze gestalten, well ëmmer méi lokal wäert produzéiert ginn. Aktuell keeft een e Regal vun engem grousse skandinavesche Miwwelgeschäft, déi jo weltwäit produzéiert ginn. Dat nämmlecht kann an Zukunft vun engem Schräiner hei gemaach ginn, den een digitale Bauplang kritt an da mat Ressourcë vun hei d'Regal produzéiert, wat duerno och mat enger Sensor-gepréifter Qualitéitskontroll genee dem entsprécht, wéi et soll sinn. Déi ganz "Wäertschöpfungskette" bleift da bannent engem Land an dat wier ganz wichteg, sou den Invité.

Lëtzebuerg ka méi séier digital ginn, wéi Däitschland

Déi manuell Fäegkeete vun den Handwierker sinn och an Zukunft gebraucht, berouegt de Max Thinius. Mee se misste léieren, ëmzedenken. An de leschte Joren hätte se geléiert, dass alles ëmmer méi global an industrialiséiert gëtt an elo géinge mer nees zeréck an déi aner Richtung goen. Just dass d'Handwierker elo besser ënnertenee vernetzt sinn. Natierlech misst ee sech elo och mat digitale Méiglechkeeten an der Produktioun beschäftegen. Fir dës Prozesser hei am Land virunzebréngen, wier zum Beispill d'Chambre des métiers do. E Land wéi Lëtzebuerg ka 5-7 Mol méi séier Digitalitéit ëmsetze wéi Däitschland oder Frankräich. Haut hätt ee mat ganz klenge Méiglechkeeten, ganz grouss Chancen.

Technologie muss vun all Alter kënne genotzt ginn

Natierlech kéint eng ëmmer méi digital Welt vill Leit iwwerfuerderen, besonnesch eeler Generatiounen. Eréischt wann een Digitalitéit mécht, also eng Digitaliséierung, déi och mat der Realitéit eppes ze dinn huet, da géing et bei de Leit ukommen. Den Ament wiere mer op dem héich technologeschen Niveau vum Elektrizitéitswierk mat all méiglechem Krom an et misst ee fir d'éischt nach all d'Schalter an d'Gesellschaft integréieren, ëmschreift de Max Thinius.

Angscht viru KI ass iwwerflësseg

D'Angscht viru Kënschtlecher Intelligenz ass iwwregens komplett iwwerflësseg, fënnt de Futurolog. Haut géing KI virop zu enger Automatiséierung mëssbraucht ginn, obwuel se vill méi kéint. Duerch déi Automatiséierung kéint een natierlech tëscht 2-5 Aarbechtsplaze spueren. Wann een allerdéngs ewech vum industriellen Denke geet, da kéint ee KI zesumme mat de Mënsche benotzen an esou e puer honnert weider Méiglechkeete fir Business-Modeller schafen. Zum Beispill kéint KI de Pabeierkrom, wéi EU-Normen, Formularen a sou weider,  fir kleng Betriber maachen an d'Leit kéinte sech nees op hir eigentlech Aarbecht konzentréieren. Sou misst et an Zukunft funktionéieren. Dat wier och kee Wonschdenken, sou de Futurolog.

Invité vun der Redaktioun: Max Thinius

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.